Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
"Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
Schreift d'Ulrike Bail an hirer "Rede zur Literatur", déi vum CNL publizéiert gouf.
Paysages en variation
Den 2. Mäerz gëtt et am Mierscher Kulturhaus en interaktive Concert mat Improvisatiounen a Projektioune vu Naturfotoen
Eng ganz gewéinlech Mutatioun - "Sous la menace" vum Vincent Almendros
A sengem véierte Roman erfuerscht de Vincent Almendros net just de schwierege Wandel vun der Pubertéit, mee och d'Experienz vun der Trauer an enger Famill.
Serge Ecker - Laureat vun der Bourse CNA
Wéi wäert de Projet ausgesinn, deen de Serge Ecker mat der Bourse vum CNA realiséiere wäert?
De Michael Krüger a Lëtzebuerger Literatur
Wéi de Roger Manderscheid den Elbling matbruecht huet ...
Optakt vum Luxfilmfest
Den Directeur artistique vum Festival Alexis Juncosa iwwer déi grouss Tendenze bei der Programmatioun

Den Zeltik
Dee beléifte Festival fir keltesch Musek zu Diddeleng, geet de 14.-16. Mäerz dëst Joer a seng 28. Editioun.

Interview mam kënschtlereschen Direkter vum Luxfilmfest
Mam Alexis Juncosa iwwer déi grouss Tendenze vun der Programmatioun.
Esou goldeg - oder?
Eng Ausstellung am Londoner Somerset House beliicht an hannerfreet d'Konzept vum "cute".

Duruflé: "échappées grégoriennes"
D'Maîtrise séngt fir déi éischte Kéier an der Philharmonie. Um Programm stinn Duruflé, Dupré an Alain.
De Weekend am Theater
"Ce que j'appelle oubli" an enger Mise en scéne vun der Sophie Langevin an "Héritage" vum Cédric Eeckhout ënnert der Lupp

Esou goldeg - oder?
Eng Ausstellung am Londoner Somerset House beliicht an hannerfreet d'Konzept vum "cute".

Kulturagenda
Déi kulturell Highlights vun der Woch

Hunneg-Strëpp & Friends den 1. Mäerz an der Kulturfabrik
Eng aachtkäppeg lëtzebuergesch Brass Band mat e bëssen engem anere Profil. Amplaz just ze coveren, verschaffen si d’Melodien aus der moderner Popmusek an hiren eegene Versiounen
