Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

CAL - Expo Printemps 2024
"In-between spaces" am Tramsschapp um Lampertsbierg

De Weekend am Theater
Ee Réckbléck op theatralesch Highlighte vu leschter Woch - an ee kuerzen Ausbléck op dat, wat eis de Weekend am Theater erwaart.
LuxFilmFest (4) Eis Bespriechungen um aachte Festivaldag
"Hoard" vun der Luna Carmoon an "Hollywoodgate" vum Ibrahim Nash'at an der Kritik
Rozafa Elshan an Daniel Wagener am CNA
Ee kuerzen Abléck an déi zwou nei Ausstellungen am Centre National de l'Audiovisuel

In The Atlas mat neier Single a Video
In The Atlas sinn eis Gäscht am Studio. Hir nei Single "Lucy“ gëtt e Freideg den Owend am Ciné Utopia am Kader vun der Luxembourg Music Video Night gewisen. Mir schwätzen a lauschteren eran.

Rozafa Elshan an Daniel Wagener am CNA
Ee kuerzen Abléck an déi zwou nei Ausstellungen am Centre National de l'Audiovisuel
LuxFilmFest (4) "Terrestrial Verses" an "Embodied Chorus"
Déi zwou lëtzebuergesch Koproduktiounen aus dem Fiktiouns- an dem Dokumentarconcours an der Bespriechung

Den Nils Frahm an der Philharmonie
De Meeschter vun der Neoklassik huet um Samschdegowend d'Philharmonie an den hypnotesche Bann vu senge Kompositioune gezunn.

Albumbespriechung: Everything, Everything - Mountainhead
Eran an de Spigel
LuxFilmFest (3) - 9 mol kuerz an eemol (verdaamt) laang
D'Valerija Berdi, de Michel Delage an de Jeff Schinker beschwätzen 9 lëtzebuergesch Kuerzfilmer an dem Lav Diaz säin "Essential Truths of the Lake"
Eng ganz gewéinlech Mutatioun - "Sous la menace" vum Vincent Almendros
A sengem véierte Roman erfuerscht de Vincent Almendros net just de schwierege Wandel vun der Pubertéit, mee och d'Experienz vun der Trauer an enger Famill.
D'Zukunft vum Geld
D'Expo "The Future of Money" am Musée vun der Bank of England

Kulturagenda vun der Woch
Den Nicolas Calmes presentéiert d’Kulturaktualiéit vun der Woch. Wat gëtt et wou a wéini ze gesinn?

In Memoriam Françoise Groben
Den neien Album vun Hänssler Classics ass en Hommage un d‘Lëtzebuerger Cellistin Françoise Groben.
LuxFilmFest (2): Virun der Realitéit flüchten - oder hir riicht an d'Gesiicht kucken
"Melk" vun der Stefanie Kolk a "Knit's Island" vun Ekiem Barbier, Guilhem Causse, Quentin L'Helgouac'h
De Serge Ecker iwwer säin neie Projet
Wéi wäert d'Aarbecht ausgesinn, déi de Serge Ecker mat der Bourse vum CNA realiséiere wäert?
Den Debutalbum vu Woo Syrah ass eraus
"Everybody is Somebody" heescht den Debut vum ex-Angel-At-My-Table-Gittarist Tom Aschman sengem neie Bandprojet.
