Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Marie Capesius - Ee Buch fir Heliopolis
D'Fotografin krut d'lescht Joer d'Bourse vum CNA, eng Hëllef, mat där si hir rezent Aarbecht publizéiere wäert.
Interview mat der Band Tvesla
Den Tvesla-Gitarrist Serge an de Yatsch, dee sech hanner dem Grapesound-Collective verstoppt a fir d'Artwork vun der Plack verantwortlech ass, si bei eis um Studio, fir iwwert déen neien Album ze schwätzen.

Albumrezensioun: Elbow - Audio Vertigo
Een entwaffnenden 10. Album

Ptolemea Musek vun de Sphären am Bartrenger ArcA
Ee Gespréich mat der Frontfra Priscilla Da Costa iwwer déi däischter Säit vum Mënsch an ee Concertserliewnes mat Videoprojektiounen

Kulturagenda
Duerch d'Kulturhighlighte vun der Woch
Wuert vun der Woch: Hotel
Grad an de Vakanze verbréngt een hei ganz vill Zäit. Mee wou kënnt d'Wuert hier?

My Body Keeps Changing My Mind
Am Interview mat der Marion Rothhaar
Catherine Kontz - The Waves
Viru Kuerzem hunn d'Solistes Européens, Luxembourg en neien Album erausbruecht mat Wierker vu Lëtzebuerger Komponisten. Mat dobäi ass och eng Komponistin: d'Catherine Kontz.
"Dans la ville" vun der Elodie Fiabane an "La Manche" vum Max De Paz
Zwee Romaner iwwer Obdachlosegkeet - eemol vu baussen an eemol vu bannen erlieft.
E risegt Ëmäerbele vu Gittaren: Yuu Doo Right an de Rotonden
You Doo Right hu sech no engem Titel vun der däitscher Krautrock-Band Can benannt.

"Dans la ville" vun der Elodie Fiabane an "La Manche" vum Max De Paz
Zwee Romaner iwwer Obdachlosegkeet - eemol vu baussen an eemol vu bannen erlieft.
Alem Grabovac am Gespréich
Den Auteur vum Roman "Die Gemeinheit der Diebe" iwwer säi Buch

Alem Grabovac am Gespréich
Deen däitsche Schrëftsteller iwwer säi Roman "Die Gemeinheit der Diebe"

Kim Gordon - The Collective
“The Collective”, vun der ex-Sonic-Youth-Muskerin Kim Gordon, äus dem Plackerayon gepléckt.

Interview mam Rodrigo Moreno
E Gerspréich mam argentinesche Realisateur iwwer seng Krimi-Komedie "Los Delincuentes"

Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert
Virun e puer Wochen koum en neien Album eraus mat Wierker vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic
De Bléck op déi wonnerbar VaLibrairie
De Sonnde geet et an eiser Literatursendung ëm d’LeipzigerBuchmesse. D’Valerija Berdi an de Michel Delage haten do d’Geleeënheet mataacht Autorinnen an Auteuren ze schwätzen. Am Kultur um 5 gouf et e klengen Avant-Goût.
Ausbléck op den TalentLab 2024
Renconteren, Spektakelen a Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab.
D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift
D'Militärmusek, en éisträichesche Komponist a Editeur, an e Lëtzebuerger Komponist vervollstännege géigesäiteg hiert artistescht Wierken.
