Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden
Mat Mutiny on the Bounty a Cookie Jar Complot spillen den Owend zwou instrumental Rockbands vun hei an de Rotonden. E Gespréich mam Sven a Gilles vu Cookie Jar Complot

Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
Kollektiv Conscience, non-human a kënschtlech Intelligenz: domat kreéiert d'Agnieszka Kurant.
Wéi hu mir et mam Liesen?
Datt hei am Land duerchaus nach gelies gëtt, weist eng Ëmfro am Optrag vum Kulturministère.

"De Wand ass eppes Logesches"
E Gespréich mam franséischen Auteur Olivier Le Carrer iwwer seng Leidenschaft fir d'Seegelen.

Intergenerationellt Geschichtenerzielen
Milton + esperanza heescht déi nei Kollaboratioun tëschent der jonker Jazzmusekerin Esperanza Spalding an dem 84-järege brasilianesche Meeschter Milton Nascimiento.

Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
Kollektiv Conscience, non-human a kënschtlech Intelligenz: domat kreéiert d'Agnieszka Kurant.

Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton
Ee Portrait vun engem “malade de l’imaginaire”

Filmkritik: "Belle enfant"
Extrait aus dem Grousse Kino mat dëser summerlecher franséischer Drama-Komedie.

D‘Liedersjackett an der Midlife-Crisis
En Albumtipp vun enger Legend an der US-amerikanescher Indie-Rock- an Americana-Zeen: Beachwood Sparks sinn zeréck mat enger Plack.

Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d‘Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier.

Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d'Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier.

Weltoppene Postpunk vu Berlin
Oum Shatt a Raftside den Owend (8.8.) an de Rotonden

Wéi hu mir et mam Liesen?
Datt hei am Land duerchaus nach gelies gëtt, weist eng Ëmfro am Optrag vum Kulturministère.

De Rencontres-d'Arles-Direkter Christoph Wiesner iwwer de Michel Medinger
Arles 2024 mat engem Hommage un de Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger

Arles 2024
Hommage un de Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger

Foreigners an Ninon
Zweemol Elektro-Pop an de Rotonden: E reng lëtzebuergeschen Owend haut (6.8.) bei de Congés annulés. Hutt Dir Loscht, Foreigners an Ninon ze entdecken?

Nei an de Kinossäll dës Woch
D'Iwwersicht vum Programm vun den neie Filmer

Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin
Am Interview um 30. BD Festival zu Conter

Filmkritik: "MaXXXine"
Extrait aus dem Grousse Kino, an deem dem Ti West säin Horror-Film beschwat gouf.
