arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Gefaangenentransporter: SNPGL onzefridden
D'Presidentin vun der Police-Gewerkschaft Marlène Negrini erkläert, firwat si - anescht wéi d'Justizministesch - absolut net der Meenung ass, datt den aktuelle System gutt ass

Fir e responsabele Gebrauch vun Antibiotiquen
Antibiotiquë riskéieren net méi ze wierken, wa se ze vill geholl ginn, well d'Bakterie Resistenzen entwéckelen. Den Dokter Julien Darmian aus der Direktioun vun der Santé erkläert, firwat et wichteg ass, net ze iwwerdreiwen.

Appell un d'Bluttspender
De Michel Simonis, Generaldirekter vum Roude Kräiz, erkläert, firwat de Stock u Bluttkonserven dréngend muss opgefëllt ginn a reagéiert op d'Pläng aus dem Blutt-Transfusiounszenter en Etablissement public ze maachen.

Thon mat Quecksëlwer belaascht
De Virworf un d’Politik: beim Verkaf vun Thon géif déi ëffentlech Gesondheet bewosst a Gefor bruecht ginn. Wat bedeit dat fir d’Verbraucher?

Max Hahn an der Kritik
D'Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten" kritiséiert de Familljemininster wéinst enger Ausso an Zesummenhang mat der Wanteraktioun. De Serge Kollwelter erkläert, wourëms et geet.

D'Konscht vum Uebstbamschneiden
Wéi schneit een en Uebstbam richteg? Den Naturschutzsyndikat Sicona hat op e Cours invitéiert. Experten aus Thüringen hu gewise wéi wichteg déi richteg Fleeg fir de Bam ass.

Ausrutscher oder Negativtrend?
Wéi beurteelt den Ex-Nationalspiller Chris Philpps déi enttäuschend Nations-League-Campagne vun der Fussball-Nationalekipp?

Wéi gesi Lëtzebuerger Medienhaiser d'Notze vum Elon Musk senger Plattform X?
X ass niewent Haasskommentaren och ëmmer erëm wéinst dem Verbreede vu Falschnoriichten an d’Schlagzeile geroden.

Wat sinn d'Knackpunkten op der internationaler Klimakonferenz zu Baku?
Mir froen den Andrew Ferrone vum Ëmweltministère.
De Kéiseker ass potentiell vum Ausstierwe bedrot
Jiddweree kann awer a sengem eegene Gaart dofir suergen, datt de Kéisecker sech wuelfillt.
Wien ass alles an der neier Trump-Regierung vertrueden?
Mir froen eise Korrespondent zu Washington.

BMX-Freestyle-Flatland-EM
Op der BMX-Freestyle-Flatland-EM an de Rotonden zu Bouneweg krut de Fransous Matthias Dandois seng drëtt Goldmedaille op enger Europameeschterschaft. Bei de Frae wënnt d'Ungarin Anna Mondisc Gold.

De G20-Sommet zu Rio am Schiet vum Donald Trump
Eise Korrespondent op der Plaz erkläert firwat.
Wien ass alles an der neier Trump-Regierung vertrueden?
Mir froen eise Korrespondent zu Washington.

No Covid: Si mir elo besser op déi nächst Pandemie preparéiert?
Mir froen de Professer Markus Ollert vum Luxembourg Institute of Health.
De Gewënner steet fest!
Den Cellist Matis Grisó, 18 Joer, huet déi zweet Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben gewonnen.
Lëtzebuerger Buchpräis 2024
An der Kategorie Literatur gewënnt d'Kuerzgeschicht "Mutterrache" vun der Margret Steckel.
Telekommunikatiounsservicer matenee vergläichen
Gëschter (14.11.) ass d'Online Plattform smartcompare.lu online gaangen.

Wéi sécher ass déi jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg?
Mir froen den David Weis, President vun der liberaler jiddescher Communautéit zu Esch.
