De Mukami, dem Pit säi speziellt Hausdéier, dat hie sech virun 2 Joer an der Chrëschtnuecht gewënscht hat, ass ee wibbelege Gesell. De Mukami wëllt alles kenneléiere, e wëllt och alles ausprobéieren, meeschtens mat um Enn ganz vill Duercherneen. Abee déi Kéier ass Vältesdag, oder d’Valentinsdingsifest, wéi de Mukami seet. De Pit ass amgaange sech fäerdeg ze maache fir Vältesdag an de Kino ze goen, awer net mam Mukami. Maja, dir kënnt iech virstellen, datt de Mukami doriwwer guer net frou ass. An hien decidéiert dunn, wéi de Pit fort ass, säin eegent Vältesdingsifest ze feieren. Eieiei!
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Dem Mukami säin onvergiessleche Vältesdag
Lauschteren
play_arrow
headphones
26 min
Episoden
Wat kann ee maachen, fir fit a monter ze sinn?
De Claude Karger presentéiert eng wieder Rubrik vum Internet Site kannerzait.lu
Charles Darwin
Dee britteschen Naturfuerscher feiert den 12. Februar nees Gebuertsdag. Allerdéngs sinn et 213 Joer hier, datt hie gebuer gouf.
En Experiment mat engem Whiteboard Marker ...
... an Interessantes iwwer de Mount Februar
Mir ginn an de Musée!
D'Nathalie Bender vum Script proposéiert iech haut e puer ganz flott Ausstellungen.
E Schläimer a Muskelprotz
Jiddweree kennt dëst nëtzlecht Déier! Mee wéi genee?
Wéi staark ass en Hoer?
En Hoer ass méi resistent wéi een kann unhuelen. De Mister Science weist eis dat an engem Experiemnt.
Mir ginn an den Theater!
De Script proposéiert Iddie fir an den Theater ze goen.
Onméiglech Begéignungen: Den Décken an de Klengen
Erklärungen an eng kleng Anekdot iwwer den Décken, de grousse Waldbison aus Nordamerika, an de Klengen, den afrikaneschen Dikdik.
Wat ass speziell un der Luucht am Supermarché?
Déi spannend Geschicht ronderëm Luuchten an de Butteker
Mir gi spadséieren!
Et ginn esou vill schéi Spadséierweeër hei am Land, op kannerzait.lu fannt dir Explikatiounen.
't ass nees e Wollef gesi ginn!
Musse mir Mënschen Angscht viru Wëllef hunn, wéi dat dacks a Märercher a Filmer duergestallt gëtt?
Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!
An eisem Experiment weist de Joseph Rodesch, wéi een aus alem Pabeier en neit Blat Pabeier maache kann.
Wat kann ee maachen?
Besonnesch a Pandemie-Zäiten mat villen Restriktiounen, weess een dacks net wat maachen, abee de Site Kannerzäit.lu kann do weider hëllefen.
E verstengerte Libelleflillek mam Numm Gallodorsetia Kronzi
Am natur musée am Stater Gronn ass den Ament eppes enorm Rares ausgestallt, e ganz spezielle Libelleflillek!
D'Banneliewen vun enger Käerzeflam
Am Experiment vun haut erkläert de Mister Science dem Jean Claude Majerus wat speziell bannen an enger Käerzeflam ass.
De Gilles Lacour iwwer de Museksunterrecht
Als éischt gitt dir gewuer, wat d'Aarbecht vum Commissaire fir den Enseignement musical ass.