De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo senge Geschichten, ass déi Kéier komplett op Vältesdag, also den Dag vun de Verléiften, fixéiert. Et geet am Fong manner ëm hie selwer wéi ëm d’Nonna Rosa. Si hunn nämlech all zesummen eng Iddi, wéi si der Nonna Rosa fir Vältesdag eng riseg Iwwerraschung kënne maachen. Dat ass eng ganz flott Iddi, kéint een unhuelen. Mee dir wësst, wann de Jos, de Bopa Maria an deem säi Kolleeg Loulou mateneen hantéieren, da kann aus Vältesdag fir d’Nonna Rosa ganz séier e Katastrophe-Vältesdag ginn.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
Lauschteren
play_arrow
headphones
41 min
Episoden
De Jos an Halloween - Deel 2
Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleege Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.
De Jos an Halloween - Deel 1
Fir d'éischt erkläre mir iech, wou dat Fest Halloween hierkënnt. Ee Fest, dat och an eise Géigenden ëmmer méi um Owend virun Allerhellege gefeiert gëtt ...
Jos, de Pastachampion - Deel 4
De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt. De Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt
Jos, de Pastachampion - Deel 3
De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch.
Jos, de Pastachampion - Deel 2
Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.