Kannerkëscht
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
41 min

De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo senge Geschichten, ass déi Kéier komplett op Vältesdag, also den Dag vun de Verléiften, fixéiert. Et geet am Fong manner ëm hie selwer wéi ëm d’Nonna Rosa. Si hunn nämlech all zesummen eng Iddi, wéi si der Nonna Rosa fir Vältesdag eng riseg Iwwerraschung kënne maachen. Dat ass eng ganz flott Iddi, kéint een unhuelen. Mee dir wësst, wann de Jos, de Bopa Maria an deem säi Kolleeg Loulou mateneen hantéieren, da kann aus Vältesdag fir d’Nonna Rosa ganz séier e Katastrophe-Vältesdag ginn.
Episoden

De Jos a säi krasse Fuesbal - Deel 3
Salut alleguerten! De Jos ass also mat der ganzer Famill, dem Nora, dem Bop an der Nonna op de "Planz de Bal" vum Déieren a Planzefrënn Club gaangen. n elo waarden de se drop datt d'Nonna hire Präis fir de schéinste Virgaart iwwerreecht kritt.

De Jos a säi krasse Fuesbal - Deel 2
Salut alleguerten! Elo komme mer da bei den zweeten Deel vum Jos senger Geschicht ronderëm d'Fuesent.

Dem Jos säi krasse Fuesbal - Deel 1
De Jos ass erëm do. Eise jonke Lausbouf, deen nawell gären déi eng oder aner Spiicht dréit, och wann dat ni béiss gemengt ass. An de Jos ass nu wierklech e Kärelchen deen Häerz op der richteger Plaz huet.

Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 2
Léif Kanner! Hei dann den zweeten Deel vum Anja Di Bartolomeo senger Geschicht "De Mukami an de Pit".

Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 1
Léif Kanner! D'Anja Di Bartolomeo huet iech nees eng Geschicht matbruecht. An d'Anja huet senger Geschicht den Titel "De Mukami an de Pit" ginn.

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3
Am drëtten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalbdram" huet Jos acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn. Zesummen treffe si sech mam Anne Sophie.

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2
Mir proposéieren iech den zweeten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalbdram".

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 1
D'Anja Di Bartolomeo huet iech fir an d'Kannerkëscht och dëst Joer erëm eng Chrëschtdagsgeschicht afale gelooss an mir hu se och zesummen opgeholl, datt der se och elo an der Vakanz lauschtere kënnt.

De Jos an d'Halloween - Deel 4 a 5
Doheem huet de Jos sech du geduecht, datt e bei de Bopa geet a mat deem Halloween feiert, mee dat war och keng gutt Iddi.

De Jos an d'Halloween - Deel 2 an 3
Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleegen Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.

De Jos an d'Halloween - Deel 1
An dëser Kannerkëscht proposéieren mer iech der Anja Di Bartolomeo hir Geschicht: "De Jos an Halloween".
Kal a waarm Waasser iwwerenee stellen
Genee dorëms geet et bei eisen Experiment mam Michèle.

Zanter 16 Joer ass de Pluto kee Planéit méi
De 24. August 2006 gouf de Pluto vun der Internationaler Astronomescher Unioun, kuerz IAU, zum Zwergplanéit deklaréiert, respektiv, degradéiert.
D'Mary a seng Monsteren
D'Monique Kirsch aus dem natur musée erzielt iech d'Geschicht vum Mary, eng vun den éischte Wëssenschaftlerinne vun der Welt.

Schlof, Déierche schlof
D'Monique Kirsch aus dem natur musée stellt sech d'Fro: Wéi schlofen Déieren?

Jos, de Pastachampion - Deel 4
De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours, an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt, an de Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt.

Jos, de Pastachampion - Deel 3
De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch.

Jos, de Pastachampion - Deel 2
Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.
