De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo senge Geschichten, ass déi Kéier komplett op Vältesdag, also den Dag vun de Verléiften, fixéiert. Et geet am Fong manner ëm hie selwer wéi ëm d’Nonna Rosa. Si hunn nämlech all zesummen eng Iddi, wéi si der Nonna Rosa fir Vältesdag eng riseg Iwwerraschung kënne maachen. Dat ass eng ganz flott Iddi, kéint een unhuelen. Mee dir wësst, wann de Jos, de Bopa Maria an deem säi Kolleeg Loulou mateneen hantéieren, da kann aus Vältesdag fir d’Nonna Rosa ganz séier e Katastrophe-Vältesdag ginn.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
Lauschteren
play_arrow
headphones
41 min
Episoden
Weltdag Alphabetiséierung
1966 huet d'UNO de Weltdag vun der Alphabetiséierung lancéiert. En Dag, wou un déi ronn 800 Millioune Mënsche weltwäit geduecht gëtt, déi Problemer beim Liesen a Schreiwen hunn.