Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Iranesch Rakéitenattack op Israel
De Xavier Bettel verurteelt souwuel déi iranesch Rakéitenattack op Israel, wéi och déi israeelesch Buedemoffensiv am Südlibanon.

“Gesondheet vu muer”: zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg
An der Luxexpo ass haut a muer (1. an 2.10.) déi zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. D’Zesummenaarbecht tëschent de Gesondheetsacteuren an der Groussregioun soll gefërdert ginn.

Caritas: Wisou deen Drock op de leschte Stëppel?
11 Wochen nodeems de Finanzbedruch bei der Caritas opgeflunn ass, gouf et déi lescht Deeg nach ëmmer onnéideg Onkloerheete ronderëm d'Zukunft vum Personal an den Aktivitéite vun der ONG. Eng Analys

Den OGBL geet wéinst dem Transfert vun den Aktivitéite bei HUT viru Geriicht
Firwat sinn esou vill Caritas-Mataarbechter bei HUT gewiesselt, a wéi geet et weider? Dat freet de Maurice Molitor den OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic.

Julian Assange am Europarot
De Wikileaks-Grënner Julian Assange ass haut zu Stroossbuerg fir eng Ried am Europarot. Et ass déi éischte Kéier, datt den Julian Assange sech viru Publikum äussert zanter e fräigeelooss ginn ass.

Camille Dahm
Réckbléck op d'Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Zürech mam President vun der Vëlosport-Federatioun (FSCL)

Wéi geet et weider am Science Center?
Den Direkter a Grënner Nicolas Didier gouf entlooss: a wat elo? Froen un de President vum Verwaltungsrot Camille Feyder

No de Walen an Éisträich
D'Analys vum Walresultat am Gespréich mam Peter Unger, Chef adjoint vum Ressort Innenpolitik beim Österreichischen Rundfunk ORF

Eng Ex-Piratin gëtt nei LSAP-Conseillère um Knuedler
D'Marie-Marthe Müller wiesselt d'Reien am Stater Gemengerot, dowéinst gëtt d'LSAP vun de Pirate schaarf kritiséiert. D'Reaktioun vum sozialistesche Conseiller Gabriel Boisante

Suzette Serres: "Ech hu FIR d'Nordstad gestëmmt!"
D'Conseillère vu Bettenduerf iwwer de (geheime) Vott, mat deem de Gemengerot decidéiert huet sech aus de Fusiounsgespréicher zeréckzezéien.

De geheime Vott am Bettenduerfer Conseil
De Roger Infalt (Tageblatt) war als eenzege Journalist am Raum, wéi de Gemengerot sech géint eng Suite vun de Verhandlungen iwwer eng Nordstad-Fusioun ausgeschwat hat.

D‘Fiichtgebitt Schlammwiss Brill
Am Häerzstéck vum Natura 2000-Gebitt Sirdall ginn zanter 1969 d’Villercher observéiert an och beréngt.
Stroosseweltmeeschterschaft zu Zürich an Theater-Première haut den Owend am TNL
“Traumnovelle” vum Arthur Schnitzler an enger Inzenéierung vum Fränk Hoffmann. Et ass d’Bünenadaptatioun vun där selwechter Virlag, déi och de Film “Eyes Wide Shut” vum Stanley Kubrick inspiréiert huet.

Eng spontan Iwwerraschung bei der Poopstvisitt
De Poopst war gëschter spontan ee Kaffi an d'Ënneschtgaass: De Pierre Reyland huet am Café Gruppetto de Jacin begéint, deen dem Popst de Kaffi zerwéiert huet.
Bilan vun der Poopstvisitt
5.000 Leit wären an der Stad gewiescht gëscht, sot d’Police. Et war also net struppvoll, ma och net eidel ... Huet d’Gastronomie dovu profitéiert? Dat froen ech elo den Alain Rix, de President vun der Horesca, deen zougeschallt ass.
Op Besuch beim Bio-Wënzer
De Bio-Wäibau huet sech zu Lëtzebuerg gutt entwéckelt.

Interview mam Generalvikar Patrick Muller
Bei der Organisatioun vun der Poopstvisitt hunn den Haff, d’Regierung an de Bistum Hand an Hand geschafft. Haaptmann op der Säit vun der Kathoulescher Kierch war de Generalvikar Patrick Müller.

Caritas-Personal fillt sech am Stach gelooss
Op d'mannst 30 Leit sollen entlooss ginn. Mee bis haut krute si keng Informatiounen zu engem méigleche Sozialplang.
