Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

De Switch vum Token bei d'Luxtrust Mobile App
Bis Enn des Joers muss een déi nei Lux-Trust Mobile Applikatioun aktivéieren. D'Club Haus op der Heed huet speziell Coursen dozou organiséiert fir de Leit ze hëllefen.

De Kulturminister reagéiert
An der Affair ëm den iranesche Kënschtler, deen d‘Land huet misse verloossen, mellt den Eric Thill sech zu Wuert.
"E wichtege Moment fir Lëtzebuerg"
D'Carole Schimmer war gëschter bei der Chamber an huet Stëmme bei der Vereedegung vum Ierfgroussherzog Guillaume agefaangen.

Alerte orange wéinst Reen
De Luca Mathias vu MeteoLux mécht de Point.

Hurrikan Milton
Den US-Bundesstaat Florida preparéiert sech op Wandstäerkte vu bis zu 260 Kilometer an der Stonn an heftege Reen.

Ween ass de Prënz Guillaume?
E Portrait vum Carole Schimmer.

E Gespéich mat der Tania Tennina
Si ass responsabel fir de Protokoll an déi international Relatioune bei der Chamber

Mat der Trounfolleg reduzéiert de Premier Frieden och d'Kontroll vum Haff
Eng vun de Conclusioune vum Waringo-Rapport iwwer d'Mëssstänn an d'Intransparenz um groussherzoglechen Haff war d'Schafe vun der Maison du Grand-Duc. Do kënnt et awer aktuell zu gréisseren Ännerungen.

Wéi koum den Duebelinterview zustan?
De Grand-Duc Henri an de Prënz Guillaume hunn dem radio 100,7 an RTL en Interview ginn. Wéi koum et dozou? A wéi ass d'Gespréich verlaf?

Wéi geet et mat der Fondatioun Caritas weider?
Invitée am Moiesstudio ass d'Nathalie Frisch, Member vum Caritas-Verwaltungsrot

Temoignagen aus der Gaza-Sträif
Wéi gesinn d’Mënschen op der Plaz d’Situatioun ee Joer no der Hamas-Attack? Mir hu mat Leit aus Gaza an Israel geschwat.

Energiewochen: Bei energeetescher Sanéierung d'Bausubstanz erhalen
Energiewochen: Energeetesch Sanéierung fir Bausubstanz ze erhalen. Den Oekozenter Pafendall, de Mouvement écologique invitéieren op Visitte vu Sanéierungsprojeten

Mënschen op der Flucht: Erwaardunge vu Passerell un d'Regierung
Eng Millioune Leit sinn eleng am Libanon op der Flucht. Wat sinn hir Optiounen a wat kënnen déi Lëtzebuerger Autoritéite maachen? Äntwerte vum Marion Dubois vun der Associatioun Passerell.

Zigarettestëmp gehéieren net op den Trottoir
Mat der Sophie Thinnes vun der Waasserverwaltung schwätze mir iwwer eng nei Campagne, déi d'Fëmmerte viséiert.

Schoulschwammen zu Iechternach
Zu Iechternach gëtt et zanter ronn 3 Joer kee flächendeckende Schwammunterrecht méi. Dorop huet d’Luxemburger Wort gëschter higewisen. Mir schwätze mat der Buergermeeschtesch Carole Hartmann doriwwer.

Nei Adress fir de Statec
De Statec plënnert aus der Stad eraus an installéiert sech um Belval an engem ganz neie Gebai mat 9.000 Meter Carré Plaz.

Police rekrutéiert eng weider 200 Leit
Fir 205 nei Stagiairen a verschiddene Karriäre bei der Police ze rekrutéieren, gouf eng nei Rekrutementscampagne an der Police-Schoul um Findel lancéiert.
