Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Mathis Godefroid
Mir froen den Hesper Conseiller, firwat hien d'Piratepartei elo verlooss huet.
Gedeessems, Gesolpertes a Gewurschtels
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet en neie Band a senger Buchserie "Lëtzebuerger Wuertschatz" erausginn.
Filmtip "The Substance"
De Film gouf dëst Joer zu Cannes mam Präis fir dat bescht Dréibuch ausgezeechent, aktuell leeft en an de Lëtzebuerger Kinoen.

En neie Site fir d'Veianer Apdikt
D'Veianer Apdikt konnt mat der Hëllef vun der Gemeng op e Site plënneren, dee méi accessibel ass fir d'Bierger.

COP29-Partizipatioun vu lëtzebuergesche Jugendvertrieder un der Konferenz zu Baku
Eng Première: Fir d’éischte Kéier si Membere vum Jugendrot Deel vun der offizieller Delegatioun.
Manktem u Personal am Fleegesecteur
Wéi eng Mesure musse geholl ginn, fir géint d'Iwwerlaaschtung am Fleegesecteur virzegoen? Där Fro ass een d'lescht Woch op enger table ronde nogaangen

Diabeetes-Testaktioun an den Apdikten
D'Jessica Durbach aus der Maison du Diabète erkläert, firwat et wichteg ass, datt d'Leit sech spéitstens mat 45 Joer op Diabeetes teste loossen.

Oppene Bréif vu Votum Klima
De Raymond Klein erkläert d'Revendicatiounen, déi de Grupp vun ONGen aus dem Ëmwelt- a Kooperatiounsberäich am Virfeld vun der Weltklimakonferenz zu Baku formuléiert huet.

De Wonsch no enger neier Cité judiciaire
Säi Wonsch no enger neier Cité judiciaire op engem neie Site an der Stad huet den Thierry Hoscheit an der Chamber-Justizkommissioun widderholl.

Nom Enn vun der Ampel-Regierung: wéi geet et virun an Däitschland?
Froen un de Patrick Schnieder, CDU-Deputéierten aus dem Walkrees Bitburg am Däitsche Bundestag.
De Luc Holtz brécht mam Maxime Chanot
Op enger Pressekonferenz huet de Fussball-Nationaltrainer gëschter erkläert, firwat hien de Profi vum Los Angeles FC ni méi fir e Lännermatch selektionéiere wäert.

Schwéieren Dag fir Ënnerstëtzer vu Kamala Harris
D’Talia Benamy huet zesumme mat der Grupp Jewish Women for Kamala Campagne fir d’Demokrate gemaach. D’Claire Barthelemy huet si gëschter (6.11.) zu New York getraff.

Defizit bei der Gesondheetskeess
Firwat geet ee vun engem Defizit bei der CNS fir déi nächst Joren aus?

Ee Schlass an eng Buerg aus zwou Epochen zu Beefort
D’Schlass zu Beefort just nieft der aler Buerg gëtt grëndlech renovéiert. Am Moment ginn et virun allem Aarbechten um Daach vum Gebai. De Site ass eemoleg fir de Grand-Duché.
"Ech si ganz frou!"
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser freet sech doriwwer, datt den Donald Trump d'Presidentewal an den USA gewonnen huet.

US-Walen 2024
Den Donald Trump ass kloer als Gewënner aus de Walen ervirgaangen. Wéi war den Dag fir den Donald Trump a wéi geet et elo weider fir d'Kamala Harris? Eng Aschätzung vun eisem US-Korrespondent Philippe Crowther

"Ech si ganz frou!"
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser freet sech doriwwer, datt den Donald Trump d'Presidentewal an den USA gewonnen huet.

Freed iwwert Trump-Victoire
Den ungaresche Premier Viktor Orbán huet als ee vun den éischten EU-Politiker op d'Resultat vun den US-Wale reagéiert

Wéi entwéckelt sech d'Stëmmung op der Election Results Watch Party?
Zanter enger gudder Stonn ass d'Election Results Watch Party vun der amerikanescher Ambassade elo amgaangen.
