De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Eng Auzeechnung fir den Emil Angel
De Lëtzebuerger Auteur gëtt zu Schweich mam Stefan-Andres-Präis ausgezeechent.
Lëtzebuerger Rousen- a Gaardelidder
Neien Album vum Georges Urwald mat Lëtzebuerger Musek
Lëtzebuerger Rousen- a Gaardelidder
Neien Album vum Georges Urwald mat Lëtzebuerger Musek
Der Dayanita Singh hiren Danzpartner: hir Kamera
De Fotoapparat nennt d'Dayanita Singh hir drëtt Broscht, hir Fotoexpo am Mudam "Dancing with my camera": eng Expo, fir beweeglech ze bleiwen!
Vun der "Grupp Non Grata" zur Kultband
No 23 Joer Paus erlieft déi brittesch Band Slowdive eng Renaissance a begeeschtert mat hirem neien Album "Everything Is Alive".
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen un? E Bléck duerch de Programm mam Michel Delage.
Musek, déi an de Wolleken ass
Mat "Everything Is Alive" stellt déi brittesch Formatioun Slowdive, eng vun de Kultbands vum Shoegaze, hire laang erwaarten neien Album vir.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafe muer un? E Bléck duerch de Programm
Eng Legend, déi keng wëllt sinn
Als Historiker an als Fan hëlt de franséischen Auteur Ivan Jablonka an engem Essay de Mythos "Jean-Jacques Goldman" ënner d'Lupp.
Dem Batty Weber säin Abreisskalender
"Et ass schwéier net sentimental ze ginn, wann et ëm de Batty Weber geet", seet d'A.-M. Millim, Sproochwëssenschaftlerin, déi sech scho laang mam Wierk vum Batty Weber befaasst.
Eng Legend, déi keng wëllt sinn
Als Historiker an als Fan hëlt de franséischen Auteur Ivan Jablonka an engem Essay de Mythos "Jean-Jacques Goldman" ënner d'Lupp.