De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
The Beatles - Now And Then
Eng Frëndschaft, déi d'Zäiten iwwerdauert
Shadow's Night - Edgar - Poe
D’Mediabuch “Edgar - Poe” verbënnt Literatur, Musek a pedagogeschen Usproch a gouf dofir mat engem internationale Präis ausgezeechent.
D'Fest vum Buch kënnt geschwënn ...
Déi 26. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg steet virun der Dier
Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2023
Gëschter ass d‘Shortlëscht mat de Favoritte fir de Lëtzebuerger Buchpräis publizéiert ginn.
Irem - I Love You?
Pop ass de Spigel vun der Welt
Een Tuer a fënnef Plazen
Een Iwwerbléck vun de fënnef Skulpturen, déi am Kader vun der Luxembourg Art Week duerch d‘Stad verdeelt sinn.
Dem Auteur a Linguist Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier Bréifdréier
D'Wuert Bréifdréier huet näischt spektakuläres, mee d'Geschicht iwwert seng Originne dach.
Dem Romain Urhausen seng Steel Lifes
D‘Escher Galerie Schlassgoart presentéiert dem Fotograf Romain Urhausen seng schwaarzwäiss Steel Lifes.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun den neie Filmer mam Michel Delage.