Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Zimmer90 - Yours and Mine

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

LuxFilmFest an dee jonke Publikum

Eng diversifiéiert Jugend Programmatioun an en enthousiastesche jonke Jury

Arnaud des Pallières & Orpheline

De franséische Regisseur iwwert Identitéit, Geschlecht an d'Vermëttelung vun Emotiounen a sengem neie Film

Dark Night: Conditioune fir e Massaker

Den Tim Sutton thematiséiert d'Athmosphär zu Aurora, Colorado, virum Massaker an engem Kino am Joer 2012.

Dark Night: Conditioune fir e Massaker

Den Tim Sutton thematiséiert d'Athmosphär zu Aurora, Colorado, virum Massaker an engem Kino am Joer 2012.

Tower: E visuellt Gedicht

Dem Keith Maitland säin innovativen Documentaire analyséiert de Courage an d'Zerbriechlechkeet vun de Mënsche géintiwwer dem gréissten Iwwel.

House of Others - R. Glurjidze

D'Konsequenze vum Biergerkrich a Georgien, Uganks den 90er Joren, ass de Sujet vun "House of Others". Interview mat der Realisatrice Rusudan Glurjidze.

Nei am Kino

Den neie King Kong Remake, awer och eng Lëtzebuerger Co-Produktioun an e politeschen Thriller a Coup de Coeur vum 100,7 lafen un.

7 JANVIER(S)

Et huet alles de 7. Januar 2015 ugefaangen ... En Theaterstéck iwwer d'Attentat op de Charlie Hebdo an der KUFA.

House of Others - R. Glurjidze

D'Konsequenze vum Biergerkrich a Georgien, Uganks den 90er Joren, ass de Sujet vun "House of Others". Interview mat der Realisatrice Rusudan Glurjidze.

Konscht um Food For Your Senses: en Opruff

D'Organisateure vum Food For Your Senses-Festival si bis Enn Mäerz op der Sich no kreativen a konschtbegeeschterte Leit.

Konscht um Food For Your Senses: en Opruff

D'Organisateure vum Food For Your Senses-Festival si bis Enn Mäerz op der Sich no kreativen a konschtbegeeschterte Leit.

Nei am Kino

Den neie King Kong Remake, awer och eng Lëtzebuerger Co-Produktioun an e politeschen Thriller a Coup de Coeur vum 100,7 lafen un.

Filmfest

D'Cléo Thoma an d'Maxi Pesch iwwert hir Film Festival Erliefnisser. Flott Filmer, flott Interviewen.

Ray Liotta am Gespréich

Iwwert de Film “Sticky Notes”, romantesch Rollen an den Iwwerfloss vu Superhelde Filmer

Glory vum Kristina Grozeva a Petar Valchanov

Bei "Glory" stinn d'Themen ewéi de sozialen Ënnerscheed, d’Verzweiwlung an d’Inegalitéiten am Mëttelpunkt.

Walfëschsproochen: de Jean Portante zu St Andrews

De Jean Portante huet sech an den héije Norde gewot, fir beim Stanza Poetry Festival zu St Andrews a Schottland matzemaachen. D'Charlotte Wirth huet hien do getraff.

Ray Liotta am Gespréich

Iwwert de Film “Sticky Notes”, romantesch Rollen an den Iwwerfloss vu Superhelde Filmer

E Gespréich mam Stefan Denolyubov an Decho Taralezhkov vum Film "Glory"

De klenge Mann vis a vis vun engem politesch a soziale System. Dat ass dat wichtegst Thema vum Film "Glory" soen den Haaptacteur a Co-Auteur.