De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Rentrée littéraire: "Une forêt" vum Jean-Yves Jouannais
Wärend d’Situatioun e bëssen iwwerall op der Welt eskaléiert, hëlt de literareschen Interessi um Zweete Weltkrich net of - och net an der franséicher Wanterrentrée.
Rentrée littéraire: "La vie entière" vum Timothée de Fombelle
Wärend d’Situatioun e bëssen iwwerall op der Welt eskaléiert, hëlt de literareschen Interessi um Zweete Weltkrich net of - och net an der franséicher Wanterrentrée.
Rentrée littéraire: "La disparition des choses" vun der Olivia Elkaim
Wärend d’Situatioun e bëssen iwwerall op der Welt eskaléiert, hëlt de literareschen Interessi um Zweete Weltkrich net of - och net an der franséicher Wanterrentrée.
"Bonne merde" fir d'Biennale vu Venedeg 2026?
D'Aline Bouvy vertrëtt Lëtzebuerg am Arsenale mat enger immersiver Videoinstallatioun
"Haute-Folie" vum Antoine Wauters
D'Valerija Berdi an de Jeff Schinker rezenséieren dem belschen Auteur säin éischte Roman bei den éditions Gallimard.
Literatur an der KUFA
De Georges Goerens iwwer literaresch Manifestatiounen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Film vun der Woch: L'Affaire Bojarski
Dëse franséische Krimi ass e Kaz-a-Mausspill tëschent engem geniale Geldfälscher an engem Flic am Nokrichs-Frankräich.
Auszeechnung fir dem Fränz Hausemer säin "Terre rouge" um Max Ophüls
Um Max Ophüls Filmfestival zu Saarbrécken krut dem Fränz Hausemer säi Film "Terre rouge - Topographie du poète" de Präis vum Jury fir de beschten Documentaire.
"Pardonner, pas excuser": Les voleurs d'amour am TNL
Am Gespréich mam Nicolas Steil, Frank Hoffmann an Hana Sofia Lopes
"Ech militéiere fir den Derapage"
Virgeschmaach op den neien Episode vum B-Radio mam franséische Karikaturist Plantu.
Anne Sauber-Lemaître - Vengeance programmée
Mëssbrauch an der Kandheet a d'Konsequenzen
De Materialdesigner Jules Péan experimentéiert mat New Rocks a Potatoes
Eng Installatioun fir iwwer Nohaltegkeet an den emotionale Lien zu Objeten nozedenken
The Studio
Eng satiresch Comedie déi Hollywood subtil kritiséiert. Dës Serie huet an hiren 10 Episoden ëmmer nees eppes Neies ze bidden. Am ganzen huet d’Produktioun 13 Emmy Awards gewonnen.
Amélie Vrla - Enfanter une étoile qui danse
E Kand kréien oder net? Keng einfach Decisioun...
Am Gespréich mam Pascal Schumacher
De Pascal Schumacher iwwert den Reset Jazz Festival am neimënster.
ROUNDTABLES fir 50 Joer Casino a Mudam ze feieren
Eng Gebuertsdagsaktioun fir en tatsächlechen Échange tëscht Kënschtler:innen a Public
Roland Meyer – Um Horizont
Wien däerf wat , a wisou net oder dach?
Vu Selbstmord, Cyber-Mobbing, der Shoah an enger Familljegeschicht
Mat “norway.today”, “Michelle doit-on t’en vouloir d’avoir pris un selfie à Auschwitz?” an “Le siècle de Lucia” rezenséieren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker dräi Stécker