Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Simone Beck, Presidentin Unesco-Commissioun Lëtzebuerg

Invitée am Moiesmagazin beim Nathalie Bender war d'Simone Beck, Presidentin vun der Commissioun, déi Lëtzebuerg bei der Unesco vertrëtt.

Kanner déi verschwannen an en Nazi dee liquidéiert gëtt

Déi nei Filmer dës Woch si, bis op eng Ausnam, doudeescht. Erstaunlech vill handele vu vermësste Kanner.

"Into the ocean" an der Buerg

2 griichesch Kënschtlerinnen hunn hier Residenz an der Buerg dozou genotzt, nei kënschtleresch Weeër ze goen an de Kapp fräi ze kréien.

Sonic Visions 2017: E grousst Fest

Fir säin 10. Anniversaire brécht de Showcase Festival aus de Mauere vun der rockhal aus, an integréiert sech an de Site Belval.

Sonic Visions 2017: E grousst Fest

Fir säin 10. Anniversaire brécht de Showcase Festival aus de Mauere vun der rockhal aus, an integréiert sech an de Site Belval.

Kanner déi verschwannen an en Nazi dee liquidéiert gëtt

Déi nei Filmer dës Woch si, bis op eng Ausnam, doudeescht. Erstaunlech vill handele vu vermësste Kanner.

Lët'z Arles presentéiert FLUX Feelings

Eng beandrockend Ausstellung vu Lëtzebuerger Photographen zu Arles a geschwënn och ze Lëtzebuerg.

Vu Märel op Recklingshausen bis op Simmer

Frank Hoffmann, Intendant, Theaterdirekter a Regisseur

Filmkritik: Good Time vum Benny & Josh Safdie

E spannende Kriminalfilm mat engem spannende Robert Pattinson.

Lët'z Arles presentéiert FLUX Feelings

Eng beandrockend Ausstellung vu Lëtzebuerger Photographen zu Arles a geschwënn och ze Lëtzebuerg.

Eischte Musée fir modern afrikanesch Konscht zu Kapstadt

Aus engem ale Käre-Silo zu Kapstadt gëtt den "Zeitz Museum of Contemporary Art Africa" a soll en Zentrum vun zäitgenëssescher afrikanescher Konscht ginn.

Eischte Musée fir modern afrikanesch Konscht zu Kapstadt

Aus engem ale Käre-Silo zu Kapstadt gëtt den "Zeitz Museum of Contemporary Art Africa" a soll en Zentrum vun zäitgenëssescher afrikanescher Konscht ginn.

Filmkritik: Good Time vum Benny & Josh Safdie

E spannende Kriminalfilm mat engem spannende Robert Pattinson.

Ausstellung iwwert den éischte Weltkrich zu Kielen

Zu Kielen hu Privatleit eng Sammlung vun Dokumenter a Fotoen aus der Zäit vum Eischte Weltkrich ausgestallt. Si kritiséieren, datt et keng national Expo gëtt.

Nei Publikatiounen: Das Réservoir der Träume an Schmidt ist tot

2 nei Publikatiounen an der Literatur

Riddo op! Fir d'Publicitéit...

Eng Dose Paräisser Theatere wëlle virun de Virstellunge Reklamme weise fir finanziell besser iwwer d'Ronnen ze kommen.

Ausstellung iwwert den éischte Weltkrich zu Kielen

Zu Kielen hu Privatleit eng Sammlung vun Dokumenter a Fotoen aus der Zäit vum Eischte Weltkrich ausgestallt. Si kritiséieren, datt et keng national Expo gëtt.

Riddo op! Fir d'Publicitéit...

Eng Dose Paräisser Theatere wëlle virun de Virstellunge Reklamme weise fir finanziell besser iwwer d'Ronnen ze kommen.

"Pauvre Belgique"

De franséische Poet Baudelaire huet zwee Joer zu Bréissel gelieft, mä e war net frou do. D'Stad thematiséiert dat elo an enger Ausstellung.

"Pauvre Belgique"

De franséische Poet Baudelaire huet zwee Joer zu Bréissel gelieft, mä e war net frou do. D'Stad thematiséiert dat elo an enger Ausstellung.