Radioen

On air

Tockcity  |  Ceremony Shadows - Reclaim

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Buchtipp "Au coeur de la montagne"

D'Isolatioun, d'Ritualer vun engem Biergduerf a Verbindung mat graphescher Fräiheet: d'BD ass e speziellt Mäerchen.

Buchtipp "Au coeur de la montagne"

D'Isolatioun, d'Ritualer vun engem Biergduerf a Verbindung mat graphescher Fräiheet: d'BD ass e speziellt Mäerchen.

Album fir ënner de Beemchen: Ben Harper & Charlie Musslewhite

Op "No Mercy In This Land" geet et ëm Léift a Respekt, ëm Freed a gutt Virsätz ... an ëm de Blues ...

Deine Angst - Dein Paradies. Gedichte aus Syrien.

Eng Anthologie mat Gedichter aus Syrien a mat Nodichtunge vun däitsche Géigewaartsautorinnen an -auteuren.

Filmkritik: Roma vum Alfonso Cuarón

Den Alfonso Cuarón setzt senger Kandheet an de Frae vu senger Kandheet e Monument.

Dem Jeff Wall seng "Wandfotografie"

"Dee lueste Fotograf vun der Welt" ass dem Jeff Wall säi Spëtznumm. En huet eng 200 Fotoen a 40 Joer geschoss; mee déi hunn et a sech.

Tomas Bjornstad - Fjorde

"Eine lyrische Reise zwischen Luxemburg und Norwegen"

Gospel-Concert zu Ettelbréck

Déi afro-amerikanesch Gospel-Band am CAPE - en Optakt fir d'Chrëschtdeeg.

Gospel-Concert zu Ettelbréck

Déi afro-amerikanesch Gospel-Band am CAPE - en Optakt fir d'Chrëschtdeeg.

Tomas Bjornstad - Fjorde

"Eine lyrische Reise zwischen Luxemburg und Norwegen"

25 Joer - Bibliothéiken

D'Buch lieft - och an de 86 Lëtzebuerger Bibliothéiken, um Pabeier an digital.

Theater am Tanztheater Wuppertal

Et rumouert scho méi laang am Tanztheater. Haut kënnt en neit Kapitel um Aarnechtsgeriicht dobäi. An de Gemengerot muss eng deier Décisioun huelen.

25 Joer - Bibliothéiken

D'Buch lieft - och an de 86 Lëtzebuerger Bibliothéiken, um Pabeier an digital.

One Hundred Poets, One Poem Each

D'Anthologie aus dem 13. Jh. ass bis haut ee vun de Piliere vun der klassescher japanescher Literatur bliwwen.

One Hundred Poets, One Poem Each

D'Anthologie aus dem 13. Jh. ass bis haut ee vun de Piliere vun der klassescher japanescher Literatur bliwwen.

Theater am Tanztheater Wuppertal

Et rumouert scho méi laang am Tanztheater. Haut kënnt en neit Kapitel um Aarnechtsgeriicht dobäi. An de Gemengerot muss eng deier Décisioun huelen.

Ass d'Annick Sinner um Holzwee?

Sport? Timberen? Nee, der Annick Sinner hir Passioun ass d'Holz, aus deem si Figuren zaubert, déi net léif, mee verlieft wierken.

Éischt Pressekonferenz vun der neier Kulturministesch

Music:LX huet säi Bilan 2018 presentéiert. D'Kulturministesch Sam Tanson felicitéiert déi Verantwortlech fir hir exemplaresch Aarbecht.