De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton
Ee Portrait vun engem “malade de l’imaginaire”

Filmkritik: "Belle enfant"
Extrait aus dem Grousse Kino mat dëser summerlecher franséischer Drama-Komedie.

D‘Liedersjackett an der Midlife-Crisis
En Albumtipp vun enger Legend an der US-amerikanescher Indie-Rock- an Americana-Zeen: Beachwood Sparks sinn zeréck mat enger Plack.

Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d‘Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier.

Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d'Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier.

Weltoppene Postpunk vu Berlin
Oum Shatt a Raftside den Owend (8.8.) an de Rotonden

Wéi hu mir et mam Liesen?
Datt hei am Land duerchaus nach gelies gëtt, weist eng Ëmfro am Optrag vum Kulturministère.

De Rencontres-d'Arles-Direkter Christoph Wiesner iwwer de Michel Medinger
Arles 2024 mat engem Hommage un de Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger

Arles 2024
Hommage un de Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger

Foreigners an Ninon
Zweemol Elektro-Pop an de Rotonden: E reng lëtzebuergeschen Owend haut (6.8.) bei de Congés annulés. Hutt Dir Loscht, Foreigners an Ninon ze entdecken?

Nei an de Kinossäll dës Woch
D'Iwwersicht vum Programm vun den neie Filmer

Francofon BD-Gréisst Yoann schwätzt iwwer de Franquin
Am Interview um 30. BD Festival zu Conter

Filmkritik: "MaXXXine"
Extrait aus dem Grousse Kino, an deem dem Ti West säin Horror-Film beschwat gouf.

"Juste Jackson" vum José Ando
Ee fatale QR-Code léist eng Lawin u Rassismus an Homophobie aus.

Jenny Erpenbeck - Kairos
Laureatin vum International Booker Prize 2024

Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Kleeder als Spigel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft

E Liewen tëschent "primitiver" a "ziviliséierter" Welt
Extrait aus engem Gespréich mat der Ethnologin Aparecida Vilaça iwwer hiren indigenen "Adoptivpapp".

Bolis Pupul op de Congés Annulés
De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Haut den Owend (1.8.) steet hien an de Rotonden op der Bün.

"La main qui tient le stylo ne peut pas tirer."
seet de franséisch-bosnesche Schrëftsteller Velibor Čolić .
