De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Math Rock mat Chouer fir 41 Joer Kufa
Mutiny on the Bounty maachen d'Feierlechkeeten op.

Am Gespréich mam Chris Maas
De Lëtzebuerger Batteur Chris Maas iwwer den Tour-Alldag mam Sting

Mat Keramikkonscht op de Spuere vun de Sensibilitéite vum Buedem
D’Verflechtungen tëschent Ëmwelt, mënschlechen an net-mënschleche Liewensformen an der Escher Konschthal

Fokus op Emanzipatioun am TOL
D'Véronique Fauconnet stellt déi nei Saison vum frankofonen Théâtre Ouvert Luxembourg vir.

Filmkritik: "Sterben"
Den däitsche Familljendrama vum Matthias Glasner gouf am leschte Grousse Kino beschwat.

Um Radar - An der Woch
Déi kulturell Highlighte vun der Woch

Indie-Rock, vu blénkeg bis granzeg
Op sengem zweeten Abum "Real Deal" verwandelt de Londoner Trio d'Trauer iwwer eng gescheitert Bezéiung a spannenden Indie-Rock.

Myriam Muller a Sara Goerres am Gespréich
Den Théâtre du Centaure an de Kasemattentheater stellen hir nei Saison vir.

40+1: Gebuertsdag vun der Escher Kulturfabrik
Et ass kee ronne Gebuertsdag, trotzdeem gëtt d’Feier ganz grouss opgezunn. Geplangt fir Oktober an ufanks November si Concerten, Spektakel, Workshoppen, Filmseancen, Liesungen, Ausstellungen ...

Kulturagenda - De Weekend
Wat fir Museks- a Kulturevenementer bitt dëse Weekend? Esou vill sief gesot: Festival-, Danz- a Konschtbegeeschtert Leit kommen op hir Käschten.

Kanner- a Jugendprogramm CNA
Interview Sébastian Thiltges a Mylène Carrière

Tindersticks, déi Véierzéngt
Albumrezensioun: Tinderstick - Soft Tissue

Och Hellegestatue brauchen alt emol e Lifting
Gutt 30 Joer huet de Skulptureschatz vum Albert Hames a sengem Atelier genäipt.

Filmkritik: "Strange Darling"
D'Ekipp vum Grousse Kino huet deen amerikanesche Thriller an hirer leschter Emissioun beschwat.

An der Woch: Um Radar
Kulturevenementer zu Lëtzebuerg déi kommend Woch

Wou steet de Lëtzebuerger Filmsecteur?
Am CNA zu Diddeleng waren op dësem Freideg de Moien d’Assisen am audiovisuelle Secteur. De Michel Delage war sech dat ulauschteren.

Kulturagenda - De Weekend
Den Nicolas Calmes féiert eis duerch d'Kultur-Highlights vum Weekend.

Shogun
14 Emmyen huet d'Serie dës Woch gewonnen. Wat ass esou gutt un dëser Serie?

Pieces of a Dream
Eng Kompositioun, ee Komponist an dräi jonk Museker: um Vibrafon de Lëtzebuerger Perkussionist Christoph Sietzen
