Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Den Haruki Murakami an der "Erste Person Singular"

A sengem Buch "Erste Person Singular" stellt den Auteur Haruki Murakami säi Kënnen als Geschichtenerzieler alt nees ënner Beweis.

Les frontalières - die Grenzgängerinnen

E Bléck op d'Liewe vun de Frontalièren am Groussen Theater

E Kibbuz zu Altwis

Vun 1933 bis 1937 gouf et zu Altwis e Kibbuz an deem jonk Judden op d'Auswanderung no Palestina virbereed goufen.

"Acqua Alta": Multimedia-Héichwaasser an de Rotonden

"Acqua Alta" ass den Titel vun engem illustréierte Pop-up-Buch, dat, mat Hëllef vun enger App an engem Tablet, "beweegt" Geschichten erzielt.

Konferenz: Les films et la mémoire: images alliées des camps nazis

Eng Konferenz am Kader vun der Journée de la Memoire de l'holocauste 2021: Les films et la mémoire images alliées des camps nazis.

De Schrëftsteller Michel Le Bris ass doud

De Begrënner an Direkter vum Literaturfestival "Etonnants-voyageurs, Schrëftsteller an Essayist ass am Alter vu 76 Joer gestuerwen.

Denkmalschützer schwätzen elo mat enger Stëmm

Déi nei Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun regroupéiert sechs Associatiounen. D'LDF wëll de Widdersproch tëschent nationalem a kommunalem Schutz ophiewen

Cliche.lu : Eng Bildungsplattform ronderëm d'Thema Migratioun

Mat enger Internetsäit zum Thema Migratioun wëll d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte Jonker motivéiere fir sech fir d'Zesummeliewen anzesetzen.

"AB, augmented books 2.0" an de Rotonden

D'Expo "AB, augmented books 2.0" presentéiert illustréiert Bicher, déi duerch einfach manuell oder technesch Interventiounen erweidert ginn.

Lambert Schlechter - "Mais le merle n'a aucun message" (Phi)

D'Angscht virum Doud ass iwwerwonnen, elo geet et ëm dat Essentiellt. Eng Sammlung vun 99 Néngzeiler, mat Zeechnunge vum Auteur senger Schwëster Lysiane.

D'Spill mam "L'homme gris" geet an d'Verlängerung

Et ass méi einfach anerer ze culpabiliséieren, wéi sech selwer. Esou ass d'Bild vum Däiwel entstanen, mengt de Curateur Benjamin Bianciotto.

D'Rekonstruktioun vum Land nom Zweete Weltkrich

Virun allem den Norden an den Oste vum Land goufen am Krich uerg zerstéiert. D'Geschicht vum Remopbau ass eng, déi nach wéineg erfuerscht ginn ass.

D'Rekonstruktioun hei am Land nom 2. Weltkrich

Virun allem den Norden an den Oste vum Land goufen uerg am Krich zerstéiert. D'Geschicht vum Remopbau ass nach wéineg erfuerscht ginn.

World Press Photo 2020

Eng Ausstellung an der Abtei Neimënster mat de Gewënner-Fotoen.

Filmkritik: "Let him go"

Eng Rentnerkoppel wëll d'Enkelkand virum geféierleche Stéifpapp retten. Zolitten Neo Western mam Duo Diane Lane a Kevin Costner. Nei am Kino.

Mutfert am Revolutiounskrich 1792

Zu Mutfert hat di preisesch Arméi am 1. Koalitiounskrich hiert Haaptquartéier mat zéngdausenden Zaldoten di mat aneren Arméie géint dat revolutionäert Frankräich an de Krich gezun an zu Valm

Mat Luucht dem Foyer vum Mudam eng aner Identitéit ginn

De portugisesche Kënschtler Cabrita an den englesche Sculpteur Cerith Wyn Evans dialogéieren am Mudam mat verschiddene Luuchtinstallatiounen.

Fundstücke -Trouvailles

Eng literatesch a kulturwëssenschaftlech Ausenanersetzung mat haaptsächlech nach onerfuerschten Archivdokumenter am CNL.

Backseller Grousse Kino

Eis Kritiker Martine Reuter, Michel Delage a Misch Bervard schwätzen iwwer déi zwee nei Kinosfilmer THE TUNNEL a MADE IN ITALY.

"Bämm!" bei der "The Family of Man"

"The Family of Man" sollt héichhalen, wat de Mënsch ausmécht. Dorënner ass awer och eng Foto déi weist, wéi en dat alles zerstéiere kéint.