„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“ heescht d’Sammelband mat 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa. Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude Conter a de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, och Mataarbechter an der BnL hu selwer sech mat der Situatioun vun de Bibliothéiken ze Lëtzebuerg wärend der Nazi-Besatzung auserneegesat a mat eege Bäiträg ze dësem Sammelband bäigedroen Déi zwee si bei eis am Studio fir iwwer hier Fuerschungsaarbecht ze schwätzen.
arrow_back_ios
Kultur
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
headphones
25 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Valerija Berdi
Episoden

Kritik: Pit Schlechter - "De Fléiepëlz. E Lëtzebuerger Orbis Pictus"
Als eng kritesch-humoristesch Bestandsopnam vun der Lëtzebuerger Sprooch kéint een dës Textsammlung ëmschreiwen. Eng Kritik vum Michel Delage
Le Guess Who Utrecht
De Museks-Festival ass an der ganzer hollännescher Stad a kënnt all Joer mat enger besonnesch futéierter Programmatioun dohier.
Déi intimistesch Säit vum Mound
"Luna" heescht dee leschten Album vum Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher, deen hien dëse Samschdeg an der Philharmonie virstellt.
NormArtFolies - Déi Jong verstoen an ënnerstëtzen
Zwee Deeg laang gëtt sech op divers Methode mat de Problemer a Suergen vu jonken Erwuessenen auseneegesat.
E Pionéier an der Kritik
Engersäits war de Louis Armstrong e groussen Numm am Amerika vun de 50er a 60er Joren - grad dowéinst stoung hien awer och an der Kritik.
Wéi eng mësslonge Spiicht aus engem Museker eng Jazzlegend mécht
"Louis Armstrong's Black & Blues" heescht en Documentaire, deen d'Liewe vun der Jazzlegend op originell Manéier opschafft.
