„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“ heescht d’Sammelband mat 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa. Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude Conter a de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, och Mataarbechter an der BnL hu selwer sech mat der Situatioun vun de Bibliothéiken ze Lëtzebuerg wärend der Nazi-Besatzung auserneegesat a mat eege Bäiträg ze dësem Sammelband bäigedroen Déi zwee si bei eis am Studio fir iwwer hier Fuerschungsaarbecht ze schwätzen.
arrow_back_ios
Kultur
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
headphones
25 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Valerija Berdi
Episoden
L.O.V.E.
De 14. Februar war Vältesdag an domat en Ulass fir e puer ongewéinlech Libeslidder aus der Museksgeschicht Revue passéieren ze loossen.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen haut nei am Kino un? En Iwwerbléck
E musikalesche Puzzle
Iwwer Lännergrenzen ewech ass deen neien Album vum Kollektiv The Aquatic Museum entstanen. Déi éischt Single gouf dës Woch virgestallt.
Lëtzebuerg goes Leipziger Buchmesse
Mat sechs Editiounshaiser ass Lëtzebuerg dëst Joer op der Leipziger Buchmesse vertrueden.
Unfree Labour am Musée FERRUM
Huet jiddwereen de Choix fir fräi ze entscheeden, wou a wat e schaffe wëllt? Déi Fro stellt déi temporär Ausstellung am Musée zu Keel-Téiteng.
D'Wuert vun der Woch: Stylo
Stil, Still, Stylo, alles eng Famill oder net?

Lëtzebuerger Produktiounen um 13. Luxfilmfest
D'Programmatioun vum 13. Luxfilmfest (2.-12. Mäerz) ass verëffentlecht ginn. Lëtzebuerger Filmer sinn dës Kéier méi staark vertruede wéi soss.
Dem David Lynch seng "small stories" grouss an Zeen setzen
Am Kader vum Luxembourg City Filmfestival 2023 soll am Cercle Cité dem David Lynch seng plastesch Konscht endlech och emol zur Geltung kommen.
Keng Angscht méi
Am wuelste fillt sech d'Irina Holzinger op der Bün. D'Pandemie huet d'Musekerin dozou bruecht, aneschtes un d'Komponéieren erunzegoen.
Eng Traversée duerch de Schlassgoart mam Patrick Galbats
Zwou Regiounen am Wandel: Minett an Haut Val d'Alzette. Zwee Fotografen an eng Autorin sinn op konkret Spueresich gaangen.
Tëschent Schlummeren an oppenen Aen: Slumbergaze
Ënner dem Numm Slumbergaze ass den Eric Junker, à la Base Bassist, elektronesch ënnerwee.
Volker Kutscher - Transatlantik
Nazien, Mord an de bekannte Polizist op der Flucht um Bord vun engem Zeppelin ...
