arrow_back_ios
Kultur
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
headphones
25 min
Lauschteren
play_arrow
![on the headlines](/1_Foto/2025/254885/image-thumb__254885__base_thumbnail/2025-01-29-Claude%20Conter%20Buchpresentatioun.c00eaf05.jpg)
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“ heescht d’Sammelband mat 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa. Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude Conter a de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, och Mataarbechter an der BnL hu selwer sech mat der Situatioun vun de Bibliothéiken ze Lëtzebuerg wärend der Nazi-Besatzung auserneegesat a mat eege Bäiträg ze dësem Sammelband bäigedroen Déi zwee si bei eis am Studio fir iwwer hier Fuerschungsaarbecht ze schwätzen.
mic_none
Presentéiert vum
- Valerija Berdi
Episoden
Neistart fir d'Kultur an Europa
Wéi et der Kultur a Pandemie-Zäiten geet, dat ass gewosst. Mee si soll, trotz Corona, ralancéiert ginn.
Buchkritik: Jemp Schuster - ''Bluttsëffer''
Familljesaga, Duerfchronik, Kulturgeschicht - dem Jemp Schuster säi flotten éischte Roman weist d'Kontinuitéiten an d'Bréch am fiktive Bauerenduerf Grozeg.
D'CoopérationsART-Kënschtler an der Escher Squatfabrik
"To squat" bedeit "an d'Huppe goen". An eng "Squatfabrik" wier e Fitnessstudio? Nee: e Raum an der Escher Kufa, dee mat Konscht besat gëtt.
Den "Empreinte"-Kollektiv zum Thema "Figure in Print"
MNHA a BNL hunn d'Membere vum Gravure-Atelier "Empreinte" als Partner fir eng beandrockend Expo zum Thema Drockgrafik mat an d'Boot geholl.
"Parterre" am TNL
Dräi Mënschen, dräi ënnerschiddlech Charakteren, dräi stellvertriedend Liewensgeschichten
Theater: "Moulins à parole" vun der Mahlia Theismann
"Talking Heads", Inspiratiounsquell vum Stéck, war eng Fernsee-Serie, déi den Alan Bennett, ee vun de bekanntste britteschen Dramaturgen an der 80er, fir d'BBC geschriwwen hat.
"Figure in Print" an MNHA a BNL
D'Drocktechnik huet sech zanter 1945 zu Lëtzebuerg rasant entwéckelt. Héich Zäit, dat ze thematiséieren, fannen MNHA, BNL an Empreinte.
Joseph Funck - Kleines Schicksal
E Lauschterbuch, gelies vum Steve Karier
Filmkritik: "The Burnt Orange Heresy"
E Thriller iwwer Begierd a Manipulatioun am Konschtmilieu. Eng Kuriositéit mat ë. a. dem Mick Jagger als machiavellistesche Sammler. Op Sooner.lu ze gesinn.
Kultur fir Jiddwereen
De Mënsche mat spezifesche Besoinen Accessibilitéit zu der Kultur an zum Patrimoine erméiglechen an en Appel à Projet.
Den David Lynch feiert säi 75. Anniversaire
De Kultauteur hanner Filmer wéi "Eraserhead", "Blue Velvet", "Wild at Heart" an "Twin Peak" feiert haut säi 75. Anniversaire.
Kultur fir All!
De Mënsche mat spezifesche Besoinen Accessibilitéit zu der Kultur an zum Patrimoine erméiglechen.
Wolfwalkers - E Gespréich mam Produzent Stéphan Roelant
Dem Tomm Moore seng iresch Folklor Trilogie dat sinn: "The Secret of Kells", "Song of the Sea" a "Wolfwalkers". De leschten Deel, eng Lëtzebuerger Koproduktioun, leeft elo am Kino.
Patricia Highsmith (1921-1995)
Déi amerikanesch Schrëftstellerin, Kinnigin vum psychologesche Thriller, hätt haut hiren 100. Gebuertsdag gefeiert.
D'"Migrant Mother" an der "The Family of Man"
Mam Foto-Portrait "Migrant Mother" wollt d'Dorothea Lange der Aarmut an der Great Depression an den 1930er an den USA e Gesiicht ginn.
In memoriam Manuel Schortgen
Den Editeur Manuel Schortgen ass no engem graven Accident gestuerwen, mir gedenken dem Editeur.
![Buchkritik: Jemp Schuster - ''Bluttsëffer''](/legacy/images/27746/image-thumb__27746__base_thumbnail/Blutts%C3%ABffer.4b5c5bcd.jpg)