
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Jean-Claude Schmit
Mir froen den Direkter vun der Santé ënnert anerem firwat mëttlerweil och nees méi fäerdeg geimpfte Leit sech mam Coronavirus infizéieren.
Gilles Roth
Mir froen de Co-Fraktiounschef vun der CSV wéi eng Annoncen seng Partei sech am Etat de la Nation an an der Budgetsried gewënscht hätt.

Max Leners, Natasha Lepage, Paul Nathan
E "jonke" Bléck op den État de la Nation - mat engem Logementspolitiker, enger Klimaaktivistin an engem Patron.

Nora Back a Jean-Paul Olinger
D'Presidentin vum OGBL an den Direkter vun der UEL diskutéieren iwwer d'Aféierung vum CovidCheck-Régime an der Aarbechtswelt.

Gilbert Pregno
Mam President vun der Mënscherechtskommissioun geet rieds iwwer Covid-Check an Impfgéigner.
Frank Schroeder
Bei Geleeënheet vum nationale Commemoratiounsdag: den Direkter vum Resistenzmusée iwwer d'Erënnerung un den 2. Weltkrich an e Sträit ëm Stolpersteng.
Sammy Wagner
De jonken LSAP-Politiker wäert geschwënn als neie Buergermeeschter vu Stengefort vereedegt ginn.
Carole Thoma
Vu Kannergeld bis Cannabis: d'Spriecherin vun déi Lénk hëlt Stellung zu den Haapt-Themen aus der politescher Aktualitéit.
Patrick Dury
Eng Woch virum État de la Nation: d'Erwaardunge vum LCGB-President.
Patrick Schnieder
Den CDU-Politiker aus dem Walkrees Bitburg sëtzt zënter 2009 am Däitsche Bundestag: Wéi analyséiert hien d'Situatioun vu senger Partei?
Simone Beissel
Mir froen d'DP-Deputéiert firwat Bierger eréischt dräi Woche virum eischte Vote an der Chamber iwwer d'Verfassungsreform informéiert ginn.

Georges Engel
Zwee LSAP-Ministere kéinten d'Regierung geschwë verloossen. Wéi stellen d'Sozialisten sech elo personell op? Mir froen de Fraktiounschef.
Jessie Thill
Déi fréier Spriecherin vun de jonke Grénge geet an d'Chamber. Ka si sech trotzdeem nach regierungskritesch Positiounen erlaben?
