arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Inna Ganschow
Wéi erliewen d'Russen hei am Land de Krich an der Ukrain? Dozou e Gespréich mat der Autorin vun "100 Jahre Russen in Luxemburg".

Jean Asselborn
De Krich an der Ukrain an d'Flüchtlingswell, déi en ausléise wäert, sinn d'Theemen am Gespréich mam Lëtzebuerger Aussen- an Immigratiounsminister.
Andrew Ferrone
De Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot iwwer deen neie IPCC-Rapport, dee gëschter virgestallt gouf.

Pim Knaff
Esch2022 ass lancéiert: e Gespréich mam Escher Kulturschäffen
Jean-Claude Juncker
Dee fréiere Lëtzebuerger Staatsminister an EU-Kommissiounspresident iwwer de Krich an der Ukrain.
Karl Hampel
De Politikwëssenschaftler an Historiker vun der Uni Lëtzebuerg iwwer de Konflikt tëschent Russland an der Ukrain a seng Implicatioune fir d'Weltgemeinschaft.
Erik von Scholz
Déi héich Energiepräisser, besonnesch d'Präis-Explosioun beim Gas, sinn d'Theema vum Gespréich mam Generaldirekter vun Enovos.
Marc Ruppert
De Grënnungsmember a President vu Fokus iwwer d'Approche, mat där déi nei Partei sech an der Lëtzebuerger Politik-Landschaft etabléiere wëllt.
Dirk Dillschneider
Mir froen den neien Direkter vum Schenge-Lycée, wéi hien d'Schoul 15 Joer no hirer Grënnung wëllt weiderentwéckelen.

Nico Hoffmann
Mir froen de President vum Konsumenteschutz, ob et realistesch ass d'Energiepräisser ze deckelen.

Heinz Thews
Den Directeur technique vum COSL, de Centre Olympique et Sportif Luxembourgeois, am Gespréich live vu Beijing

François Bausch
Mir froen de Verteidegungsminister, wéi eng Roll d'Lëtzebuerger Arméi géif spille, wann an der Ukrain e Krich ausbrécht.

Anne Goeres
Mir froen d'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, wéi een d'Betreiung vu jonke Kriibspatienten hei am Land ka verbesseren.

Jean-Jacques Rommes
Wie bezilt zu Lëtzebuerg wéi vill Steieren, a kéint een d'Steierlaascht anescht besser verdeelen? Eng Analys mam Vize-President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

Karin Waringo
D'Aktivistin vu Luxembourg under destruction kritiséiert dat neit Denkmalschutz-Gesetz, dat soss awer op ganz vill Zoustëmmung stéisst.

Christiane Brassel-Rausch
Déi gréng Buergermeeschtesch vun Déifferdeng iwwer d'Sécherheets-Situatioun an där drëttgréisster Gemeng vum Land

Xavier Bettel
De Glacis (Corona-Protester), Nanzeg (Plagiats-Affär), Peking (Grand-Duc bei Olympia) a Moskau (Ukrain-Konflikt) sinn d'Statiounen am Gespréich mam Staatsminister.

Carlos Calvo
De President vun der Chamber vun den Dierwiechter iwwer säi Beruff, den Accès dozou an d'Formatioun fir dohinner ze kommen.
