Radioen

On air

De Weekend  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Gilles Feith

Mir froen den Direkter vun der Luxair, wéi d'Lëtzebuerger Airline sech op de Coronasummer 2021 astellt.

Karine Reuter

D'Presidentin vum RFCUL a vun der Lëtzebuerger Football Ligue (LFL) mat engem Ausbléck op déi spannend Championnatsfinall - an doriwwer eraus.

Pierre Stockreiser

Halbzeit am Premières-Examen: en Tëschebilan mam Direkter vum Lycée du Nord a Vize-President vum Collège vun de Lycées-Direkteren.
Roy Reding

Roy Reding

Den ADR-Deputéierten a President vun der parlamentarescher Reglementskommissioun iwwer d'Oneenegkeet ronderëm dee geplangten Transparenzregëster.

Malik Zeniti

Den Direkter vum Cluster for Logistics iwwer d'Pandemie, CO2-Reduktiounsziler an aner Erausfuerderunge fir de Logistik-Secteur.
Gilles Hempel

Gilles Hempel

D'Logementspräisser klammen - trotz Kris - weider. Bleiwen do iwwerhaapt nach Wunnengen fir déi mat de klengste Revenuen? Dat froe mer den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale (AIS).
headphones

12 min

play_arrow
Christian Oberlé

Christian Oberlé

Huet d'Gesondheetskeess genuch finanziell Reserven fir trotz Pandemie an Zukunft nach méi Servicer ze rembourséieren? Dat froen mir de President vun der CNS.
headphones

15 min

play_arrow
Nathalie Oberweis a Myriam Cecchetti

Nathalie Oberweis a Myriam Cecchetti

Mir froen déi zwou nei Deputéiert vun Déi Lénk wéi eng Schwéierpunkten si an der Chamber wëlle sëtzen.
headphones

14 min

play_arrow

Marc Parries

Mécht d'Regierung genuch fir eis Bëscher ze schützen? Dat froe mir de Vertrieder vun der ONG FSC, déi sech fir en nohaltege Besch asetzt.
headphones

16 min

play_arrow
Nico Heinen

Nico Heinen

Mir froen de Gérant vum Restaurant/Bar HITCH op alles prett ass fir vun de Mëtten un nees Clienten dobannen ze empfänken.
headphones

7 min

play_arrow

Dr. Sébastien Français & Guy Bley

Déi zwee Responsabel fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne iwwer d'Erausfuerderung, eng ganz Populatioun ze impfen.
headphones

15 min

play_arrow

Bernard Gheysen

Den Direkter vum Käerjenger Luxguard-Wierk iwwer d'Decisioun vum Mammenhaus Guardian, fir awer nach zu Lëtzebuerg ze investéieren.

Sven Clement

Mir froen dee bekanntste Piraten-Deputéierten, wéi seng Partei den Image vun enger Ee-Mann-Partei wëllt lassginn.

Dr. Jean Reuter

Mir froen den Intensiv-Medezinner aus dem Stater CHL, ob d'Situatioun an de Spideeler weider Oplockerunge vun de Covid-Reegelen erlaabt.
headphones

18 min

play_arrow

Tom Krieps

Mir froen de Gemengeconseiller vun der Stater LSAP firwat seng Partei net viru Geriicht géint déi privat Sécherheetsleit klot.

Claude Meisch

Mir froen den Educatiounsminister ënner anerem, wéi d'Léier-Retarden, déi duerch Corona entstane si, sollen opgeholl ginn.

François Bausch

Mir froen den Mobilitéitsminister, ob hie säi Choix fir d'Presidence vun der Cargolux mëttlerweil bereit.

Anne-Marie Hanff

Mir froen d'Presidentin vun der Infirmiersassociatioun ANIL, ob si zefridden ass mat den neien Ausbildungsméiglechkeete fir hire Beruffsstand.

Jean-Lou Siweck

Um internationalen Dag vun der Pressefräiheet: e Gespréich mam President vum Presserot a Generaldirekter vun Editpress ë. a. iwwer Pressehëllef an Informatiounszougang

Georges Rassel

De CEO vu Paul Wurth iwwer d'Geschicht an d'Perspektive vun der Traditiouns-Entreprise, déi zanter der leschter Woch eng honnertprozenteg Duechter vum däitschen SMS-Grupp ass.