Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

Radioprogramm / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Xavier Bettel

Xavier Bettel

De Glacis (Corona-Protester), Nanzeg (Plagiats-Affär), Peking (Grand-Duc bei Olympia) a Moskau (Ukrain-Konflikt) sinn d'Statiounen am Gespréich mam Staatsminister.
headphones

22 min

play_arrow
Carlos Calvo

Carlos Calvo

De President vun der Chamber vun den Dierwiechter iwwer säi Beruff, den Accès dozou an d'Formatioun fir dohinner ze kommen.
headphones

16 min

play_arrow
Michel Welter

Michel Welter

Den Associé a Gérant vum Concertssall Atelier iwwer schwéier vergaangen an hoffentlech besser zukünfteg (Covid-)Zäiten.
headphones

16 min

play_arrow
Pascal Ricquier

Pascal Ricquier

Mir froen de President vun der Policegewerkschaft SNPGL, ob Lëtzebuerg effektiv en Demonstratiounsgesetz brauch.
headphones

12 min

play_arrow
Romain Nati

Romain Nati

Mir froen den Direkter vum Stater Centre Hospitalier, ob d'Spideeler d'Omikron-Well weider gestemmt kréien.
headphones

13 min

play_arrow

Monique Smit-Thijs

Mir froen déi nei Buergermeeschtesch vu Bartreng, wat si virun de Gemengewalen nach wëllt erreechen.
headphones

10 min

play_arrow

Jean Asselborn

Mir froen den Ausseminister, ob Diplomatie duergeet fir e Krich an der Ukrain ze evitéieren.
headphones

15 min

play_arrow

Guy Foetz

De Sater Gemengeconseiller vun déi Lénk iwwer Defiziter beim soziale Wunnengsbau an der Stad Lëtzebuerg
headphones

16 min

play_arrow
Raphaël Kies

Raphaël Kies

De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg, Initiateur vun der Lëtzebuerger Plattform fir participativ Demokratie, iwwer d'Aarbecht vum Klima-Biergerrot, déi muer ufänkt.
headphones

13 min

play_arrow
Claude Thill

Claude Thill

Froen un den neie Buergermeeschter vun Dikrech, dee virun aacht Deeg vereedegt gouf.
headphones

16 min

play_arrow
Evandro Cimetta

Evandro Cimetta

Froen un den neien ASTI-President, deen d'Laura Zuccoli un der Spëtzt vun der Auslänner-Associatioun ofgeléist huet.
headphones

17 min

play_arrow
Mars Di Bartolomeo

Mars Di Bartolomeo

De President vun där fir d'Revisioun vun der Verfassung zoustänneger Chamberkommissioun schwätzt iwwer d'Ännerungen, déi a sengem Kapitel virgesi sinn.
headphones

20 min

play_arrow
Philippe Mersch

Philippe Mersch

Haut ass den Optakt vum Autofestival 2022: Froen un de President vun der FEDAMO
headphones

15 min

play_arrow
Gilles Feith

Gilles Feith

E Gespréich mam Luxair-Generaldirekter iwwer d'Strategie, mat där seng Airline probéiert, déi aktuell komplizéiert Situatioun ze meeschteren.
headphones

18 min

play_arrow

Sam Tanson

Déi prinzipiell Decisioun fir eng Impfflicht ass gefall, elo geet et ëm den Detail. Froen dozou un d'Justizministerin
headphones

19 min

play_arrow

Nathalie Oberweis

Wéi eng Positioun vertrieden déi Lénk an der Debatt iwwer d'Impfflicht? Hir Deputéiert verréit, wat déi national Koordinatioun vun der Partei gëschter festgehalen huet.
headphones

15 min

play_arrow
Christian Oberlé

Christian Oberlé

De President vun der Gesondheetskeess iwwer Krankmeldunge wéinst dem 3G op der Schaff, de Remboursement vu Psychotherapien an déi finanziell Situatioun vun der CNS.
headphones

16 min

play_arrow
Georges Engel

Georges Engel

Froen un den neien LSAP-Aarbechts- a Sportminister
headphones

16 min

play_arrow

Jean Weiler

Mir froen den designéierte Keeler Buergermeeschter, wéi hien erëm Rou a seng Gemeng wëllt bréngen.
headphones

16 min

play_arrow

Marc Hansen

An der Chamber ass gëschter iwwer zwou Petitioune diskutéiert ginn, déi Covid-Impfunge kritesch gesinn. Huet dat eppes bruecht? Mir froen de gréngen Deputéierten.
headphones

15 min

play_arrow