Panorama
Mëttespanorama
1. D’Annonce vum Trounwiessel am Oktober d’nächst Joer huet de Pierre Dillenburg net verwonnert. Hie wär dovun ausgaangen, datt et 2025 souwäit wär, sot de Monarchie-Expert am 100,7-Interview
2. D’Associatioun vun de Studentecercelen ACEL ass net begeeschtert doriwwer, datt Bachelor-Studiegäng op der Uni Lëtzebuerg en Zousaz gestrach kruten. Dat kéint, hirer Meenung no, Auswierkungen op weider Studien hunn
3. De politesche Chaos a Südkorea geet weider: Ronn zwou Wochen nodeems d’Parlament de President ofgesat huet, ass dat selwecht och dem Interimspresident geschitt. Iwwerdeems befaasst sech d’Verfassungsgeriicht mat der Ofsetzung vum President
Presentéiert vum
- Eric Ewald