arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden

Luxembourg Song Contest Finalist: One Last Time
One Last Time ass zeréck op der Bün vum Luxembourg Song Contest. Schonn d'lescht Joer wollte si de Jury iwwerzeegen.

Wëldfleesch: FSC fuerdert, datt d'Originn méi kloer gemaach gëtt
D'Wëld gehéiert fir vill Leit Chrëschtdag an d’Kachdëppen. Mee wou kommen de Marcassin oder d’Biche eigentlech hier? Obwuel d'Bëscher hei iwwerfëllt wieren, géif ze vill importéiert ginn, kritiséiert de Pit Mischo vun FSC Lëtzebuerg.

Nom Depot vun den néidegen Ënnerschrëften zu Bettenduerf
D'Christiane Kleer freet de Laurent Knauf, Jurist an éischte Conseiller am Inneministère, wéi eng Prozeduren elo spillen.

Sexuell Belästegung an der Sauna
No rezente Berichter an den Zeitunge betount d'Jutta Kleiber, Direktesch vun den Thermen zu Stroossen, et géif een all gemellte Fall eescht huelen an et wiere Prozeduren en place.

Welt-Aidsdag: eng Hoffnung mam Numm Prep
Mir schwätze mat der Laurence Mortier vun der Croix-Rouge iwwer de leschte Stand a Saachen Traitement a Preventioun.

Haislech Gewalt u Migrantinnen: Eng Situatioun mat schwéierem Auswee
Net genuch Sproochekenntnisser, finanziell Ofhängegkeet, Pabeieren déi feelen oder nach ee Manktem u Reseau. Dëst sinn alles Ëmstänn déi dozou bäidroe kënnen, datt Migrantinne besonnesch vulnerabel fir Situatioune vun haislecher Gewalt sinn.

Black Friday: den europäesche Konsumenteschutz gëtt Recommendatiounen eraus
Konsumenteschützer warnen: et soll een um Black Friady (an och soss) a Moosse shoppen a sech gutt informéieren. Dat ass och de Message vum Jean-Loup Stradella. Hien ass Jurist beim Europäesche Konsumentenzenter CEC.

LSC-Finalist: Rhytmic Soulwave
An eiser Serie vun de 7 LSC-Finalisten ass et dës Kéier un der Band Rhytmic Soulwave.

D'Videoiwwerwaachung bei der CFL
De Generaldirekter Marc Wengler gëtt Erklärungen zum internen Audit an zu de Sanktioune géint 3 Mataarbechter.

Zertifikater fir manner Plastikoffall?
Op der UNO-Konferenz iwwer Plastik gëtt iwwer Zertifikater verhandelt, déi sollen dofir suergen, datt manner vun deem schiedleche Stoff an der Natur lant. Mécht dat Sënn? Mir froen den Thomas Schoos vum Ëmweltministère.

Nom Syprolux-Kongress - Gespréich mat der Presidentin Mylène Bianchi
De Syprolux, mëttlerweil nach déi eenzegt reng Eisebunner-Gewerkschaft am Land, nodeems de fréiere Konkurrent Landesverband Ufank des Joers an den OGBL iwwergaangen ass. Wat bedeit dat fir d'Gewerkschaft?

D'Zukunft vum Dikrecher Stadkär
An den nächste Jore soll den Zentrum vun Dikrech moderniséiert an nei gestalt ginn. Och d'Bierger:innen a Geschäftsleit solle matbestëmmen.

Sëll: wat et heescht, keng "Bonsai-Gemeng" méi ze sinn
Sëll huet déi quasi magesch Grenz vun dausend Awunner iwwerschratt. De Buergermeeschter Gérard Zoller erkläert, wat dat bedeit.

Laura Thorn
An eiser Serie vun de 7 Luxembourg-Song-Contest-Finalisten ass et un der Laura Thorn.

Hausfra, Sexfournisseurin a Boxsak ... awer keng Partnerin
Statistesch gesi ginn zu Lëtzebuerg all Dag zwou Fraen Affer vun haislecher Gewalt. All drëtt Fra weltwäit huet scho kierperlech oder sexuell Gewalt vun hirem Partner erlieft.

D'Cité judiciaire ass ze kleng
Et gëtt iwwer en Neibau op engem anere Site diskutéiert

No der Wal vum Donald Trump: Onsécherheet fir d'Ukrain-Hëllef
E Stëmmungsbild aus der ukrainescher Communautéit hei am Land

Mam Réck zur Mauer op Konfrontatiounscours
D'Marine Le Pen vum rietsextreeme Rassemblement National muss sech an engem Prozess wéinst Verontreiung veräntwerten a wëllt zäitgläich e Mësstrauensvott géint d'Regierung stëmmen.

Zero Point Five
Weider geet et mat eiser Serie, an där mir déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest virstellen. Hei ass et un der Band Zero Point Five.
