arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat

De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

29 min

Speziell fir d’Kannerradionuecht huet d’Anja Di Bartolomeo iech eng nei Geschicht vun eisem Liblings-Lausbouf Jos mat senger Famill a senge Frënn geschriwwen. De Jos, de Bop an de Loulou hate sech jo e Roboter gebaut, de Roby Robocat, an deen ass bal zu engem Deel vun der Famill ginn. Mee elo, et ass schrecklech, de Roby Robocat ass verschwonnen. Gouf e gekidnappt? Et gouf Léisegeld gefrot.


Déi nei Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo “Léisegeld fir de Roby Robocat” proposéiere mir iech elo als Lauschterstéck.

Dir héiert d’Clara Hertz als Jos, d’Katharina Bintz als Nora, de Max Thommes als Roby Robocat, d’Fabienne Elaine Hollwege als Nona Rosa, de Steve Karier als Bopa Mario, de Jean Claude Majerus als Loulou, d’Kimberly Darcy Mae als Timea an de Philippe Thelen als Erzieler.

D’Tountechnik koum vum Paulo Salgado, d’Musek vum Max Thommes, Opnam, Schnëtt a Regie si vum Martin Engler.

Dat Ganzt ass eng Produktioun vum radio 100,7.

An domat vill Freed beim Nolauschteren!

Episoden

De Jos an Halloween - Deel 2

De Jos an Halloween - Deel 2

Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleege Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.
headphones

36 min

play_arrow
De Jos an Halloween - Deel 1

De Jos an Halloween - Deel 1

Fir d'éischt erkläre mir iech, wou dat Fest Halloween hierkënnt. Ee Fest, dat och an eise Géigenden ëmmer méi um Owend virun Allerhellege gefeiert gëtt ...
headphones

29 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 4

Jos, de Pastachampion - Deel 4

De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt. De Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt
headphones

32 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 3

Jos, de Pastachampion - Deel 3

De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch.
headphones

30 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 2

Jos, de Pastachampion - Deel 2

Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.
headphones

29 min

play_arrow
Jos, de Pastachampion - Deel 1

Jos, de Pastachampion - Deel 1

De Jos wëllt mat sengem Bopa a senger Nona bei engem Pastaconcours matmaachen. Den Haaptpräis sinn Tickete fir ee Fussballmatch. Beim Concours leeft awer net alles riicht. Eng Geschicht vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

30 min

play_arrow