Fir d’Kannerradionuecht hu mir och dëst Joer e Lëtzebuerger Artist gefrot e Kannerradionuechtsong ze schreiwen. De John Wolter huet sech der Saach ugeholl an erauskoum de Song: “Gangster a Ganouven”, passend zum Theema vun der Kannerradionuecht. Den John Wolter ass Museker, deen een och aus Projete wéi “Don Piano” oder der Reggaeband “The Disliked” kennt. Mee wéi mécht een dann esou e Song? Mee fir eng Äntwert op déi Fro hate mir den Jaimie Reinert aus der 100,7-Museksredaktioun bei den John Wolter an de Studio geschéckt fir nozefroen.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
De Kannerradionuechtsong: Gangster a Ganouven
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
