Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
search / Kultur

/ “J’existe“

“J’existe“

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kabaret: Ënner sech

Zil vu "Si mer nach ze retten?" ass et, de politesche Kabaret zu Lëtzebuerg héichzehalen an en net de Politiker ze iwwerloossen.

Filmkritik: "Charlatan"

E populären tschecheschen Heilpraktiker geréit an d'Viséier vun de Kommunisten. ''Charlatan'' ass e Biopic vun der polnescher Regisseurin Agnieszka Holland.

D'Marianne Villière an d'Illusioun an der Konscht

Fir d'Kënschtlerin Marianne Villière sti mir haut als Seeldänzer ënner enger Aart Disko-Dron, an der Hoffnung, datt d'Party keen Enn kritt.

Banksy-Expo zu London a virtuell

Catch Me If You Can - Wierker vum Banksy an der Londoner HOFA-Gallary

Filmkritik: ''Mare"

Den Drama ''Mare'', vun der Kroatin Andrea Staka, erzielt d'Geschicht vun enger frustréierter Hausfra, déi versicht, der Alldagsroutine z'entkommen.

Georges Hausemer - Behescht

97 kompriméiert Ënnerhalungsromaner

Kultur

En éischte Bléck op de Kinosprogramm.

Filmkritik: "Stories From The Chestnut Woods"

Am sloweenesche Film "Stories From The Chestnut Woods" gëtt enger vergaangener Welt nogetrauert. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

Literatur : Wann d'Poesie zouschléit

De belsch-lëtzebuergeschen Dichter Paul Mathieu war Gaascht vun der Périphérie du Marché de la Poésie, leschte Freideg zu Esch. E Portrait.

Filmkritik: "Willow"

Et ass den neie Film vum Mazedonier Milcho Manchevski, dee mat sengem Debut "Before the rain" eng international Renommée erreescht hat. Leeft um CinEast-Festival.

43. Filmfestival vum Italienesche Film zu Villerupt

Tëscht dem 23. Oktober an dem 8. November steet Villerupt ganz am Zeeche vun der 43. Editioun vum Festival vum Italienesche Film.

The Museum Project am MNHA

Mat generéisen Done soen eng Dosen amerikanesch Fotokënschtler als "The Museum Project", Kulturhaiser, déi d'Fotografie ënnerstëtzen, Merci.

Filmkritik: "Drita"

Kann den Zyklus vun der Vendetta gebrach ginn? De kosovaresch-amerikaneschen Drama ''Drita'' ass e strengt, poetescht Wierk. Kompetitioun CinEast-Festival.

Frankfurter Buchmesse elo digital

D'Diere vun der Frankfurter Buchmesse bleiwen dëst Joer zou. Trotzdeem gëtt et eng Foire.
headphones

5 min

play_arrow

Theater : Kee schëllege Pleséier

De "Grand Catch Impro" as e feste Rendez-Vous an der Kulturlandschaft. Virun e bësse méi wéi enger Woch huet di nei Saison ugefaangen.

Och "joints, voids and gaps" kënnen Iech eppes erzielen

Déi portugisesch Sculptrice Leonor Antunes zitéiert an hire monumentalen Aarbechten hir wichteg Kënschtler an al Techniken aus dem Handwierk.

Fotoen als Som fir eng besser Zukunft

D'Fotoexpo "Planting the future" soll e visuelle Constat vun der heiteger ekologescher Situatioun a konstruktiv Alternative fir muer liwweren.

Theater : D'Angscht virun der Gebuert

"Deliver Us" vum Anna Leader an "How Many Moons, Dolores?" vum Elisabet Johannesdottir liwweren en ironesche Bléck op d'Kreatioun am Confinement.

Behescht - Biller a Zeechnunge vum Georges Hausemer

"Wann déi berüümt Angscht virum wäisse Blat do ass, da muss de Schrëftsteller seng Fangeren betätegen" Georges Hausemer

A:LL Schrëftsteller*innen asbl

En neie Verband fir Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller