Radioen

On air

9 bis 1  |  Gia Ford - Paint Me Like a Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Homogeen oder dach léiwer individuell?

Homogeen oder dach léiwer individuell?

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An engem Bléiserquintett spillen ass keng einfach Aufgab. D'Instrumenter vu Klarinett bis Cor hunn alleguerte ganz ënnerschiddlech Klangfaarwen, an et stellt sech d'Fro, ob en homogeene Klang iwwerhaapt d'Zil vun esou enger Besetzung ka sinn. D'Musek kann trotzdeem begeeschteren, virun allem, wann ee se mat Frënn mécht. De 17. November trieden Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker zesummen am Kammermusekssall op a proposéiere Wierker vun Zemlinksy, Brahms an Haas.
Am Interview mam Luc Boentges gëtt de Flüttist Markus Brönniman en Abléck an de Programm an an d'Erausfuerderunge vun dëser Besetzung.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Déi weltlech Vokalmusek vum Laurent Menager

Am Kader vun enger Séance académique interpretéiert de Fränkischer Sängerbund Lieder vum Komponist a setzt se an hiren zäitleche Kontext.
Zwou Pianistinne fir ee Piano

Zwou Pianistinne fir ee Piano

Concert mat der Annie Kraus an der Lynn Orazi, Enseignanten am Escher Conservatoire

D'Kinnigin vun der Nuecht als Patientin

D'Classe d'art lyrique vum Stater Conservatoire proposéiert dem Wolfgang Amadeus Mozart seng "Zauberflütt" op eng originell Aart a Weis.

En Orchester fir déi ganz Stad

De Philharmoneschen Orchester Tréier feiert säin 100. Anniversaire.

D'Kinnigin vun der Nuecht als Patientin

D'Classe d'art lyrique vum Stater Conservatoire proposéiert dem Wolfgang Amadeus Mozart seng "Zauberflütt" op eng originell Aart a Weis.

20 Joer Ensembel Lucilin

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

E musikaleschen Aperitif an eng Frell

Beim éischte vun insgesamt sechs Concerts Apéritif steet dem Franz Schubert säi "Forellenquintett" am Mëttelpunkt.

20 Joer Ensembel Lucilin

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

En neit Departement fir al Musek?

D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.

From Broadway to Paris

Den neien Album "American Soul" vum Duo Rosa

En neit Departement fir al Musek?

D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.

ÜberBach

De Sebastian Knauer an de Pascal Schumacher haut den Owend an der Philharmonie

Vox Clamantis

Den Ensembel a säi Chefdirigent Jaan-Eik Tulve sange bei den Dimanches du Chant Grégorien an der Abtei zu Klierf.

ÜberBach

De Sebastian Knauer an de Pascal Schumacher haut den Owend an der Philharmonie

Mozart an Tango am Barrio 31

E Projet vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre zu Buenos Aires

Eng Museksdegustatioun

D'Anne-Catherine Bucher invitéiert de Publikum ronderëm den Cembalo fir d'Barock-Musek op eng nei Aart a Weis kennenzeléieren.

Mozart an Tango am Barrio 31

E Projet vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre zu Buenos Aires

Saudades

Déi nei CD vum Romain Nosbaum

Fir d'éischt déi Kleng, dann déi Grouss

No engem Loopino-Projet kënnt de Goldmund-Quartett an der Serie Rising Stars an d'Philharmonie.

Saudades

Déi nei CD vum Romain Nosbaum