Radioen

On air

Notturno  |  Os Mutantes - Desanuviar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Europa Aktuell

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kritik um Namensdag

Um Dag vun der helleger Ursula ass d'Europachronik vun der RTBF der EU-Kommissiounspresidentin dediéiert

EU-USA: Deen hänkt vun deem aneren of

D'USA si prett, der Ukraine weider déi néideg Hëllef zoukommen ze loossen, sou de Message vun der US-Finanzministerin Janet Yellen zu Lëtzebuerg.

EU wëll géint illegalen Drogenhandel virgoen

Ëmmer méi illegal Drogen kommen op den europäesche Marché – wat wëll, wat kann d‘EU dogéint ënnerhuelen?

Kommunikatiounschaos ronderëm den No-Ost-Konflikt

Zu Bréissel koum et dës Woch zu enger éischter penibeler Kommunikatiounspann an der Suite vun der Eskalatioun am Noen Osten.

Euro7-Normen fir Autoen: D'Europaparlament huet tranchéiert

Nei Grenzwäerter fir Autos-Emissiounen: D‘Positioun vum Europaparlament bleift hannert deem, wat sech Länner, déi sech fir méi streng Ziler asetzen, erwaarden.

Betwanzen-Alarm a Frankräich: D'Regierung reagéiert

„Punaise“ – d‘Affaire vun de Bettwanzen a Frankräich schléit héich Wellen. Experten soen, et géif kee Grond fir Panik awer et ass ubruecht, eppes ze ënnerhuelen.

Portugal: Enn vu Steiererliichterungen fir auslännesch Pensionnäire

Leit, déi hir Pensioun am Portugal verbrénge wëllen, kéinten an Zukunft net méi vu Steier-Cadeauen profitéieren.

Ze mann sozial Wunnengen a Frankräich

Net just zu Lëtzebuerg gëtt et eng Wunnengsnout. A Frankräich waarden iwwer zwou Millioune Stéit op eng sozial Wunneng.
EU-Sommet zu Granada: Ass de Sträit iwwer Migratioun eriwwer?

EU-Sommet zu Granada: Ass de Sträit iwwer Migratioun eriwwer?

D'EU-Länner goufe sech eens iwwer ee sougenannte Krise-Mechanismus an der Asylreform. Dat heescht awer net, datt de Sträit iwwer d'Migratioun elo eriwwer ass.

Vera Jourova: Och Twitter muss sech un EU-Gesetzer halen"

Bis elo ware Mesurë fir Useren ze schütze fräiwëlleg. Mam Digital Services Act awer ännert dat, erkläert d'Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun.

Neie "Mister Green Deal“ nach net um Zil

De Wopke Hoekstra soll deen neie “Mister Green Deal” an der EU ginn. Virdrun brauch hie gréng Luucht vum Europaparlament.

Portugal: Logementskris provozéiert op en Neits Protester

Net nëmmen zu Lëtzebuerg mee zum Beispill och a Portugal ass de Logement ee grousse Sujet den Ament. D‘Onzefriddenheet wiisst bei ville Leit.

Ecologie à la francaise

Wéi ka Frankräich méi ekologesch ginn? Den Emmanuel Macron huet dofir dës Woch ee Plang presentéiert fir Frankréich méi gréng ze maachen.

Reform vum EU-Asylsystem: Accord en Vue?

D‘EU schafft weider un der Reform vun hirem Asylsystem. Eng Fro ass, ob Däitschland säi Blockage opgëtt.

Nei EU-Gentech-Reegelen: Den Debat ass knapps lancéiert

D'Propose vun der EU-Kommissioun fir d'Reegele fir Gentech-Planzen ze labberen, gëtt vun de Memberlänner éischter positiv opgeholl. Lëtzebuerg gehéiert zu deene méi kritesche Länner.

Euro7: Keng méi streng Ziler virum Enn vum Verbrenner-Moteur

D'Majoritéit vun den EU-Memberlänner ass net prett, d'Ofgas-Norme fir Autoen eropzesetzen. Lëtzebuerg gesäit dat anescht.

Kritik an Applaus a Brasilie fir EU-Ëmwelt-Fuerderungen

D‘EU huet wëlles beim Import vu Wueren aus Südamerika méi streng Ëmweltkrittären anzeféieren. Wéi ass d‘Reaktioun an deene betraffene Länner dorop?

Déi geplangten Dekarboniséierung vum Lëtzebuerger Bausecteur

Wéi ka bei der Renovéierung a beim Bau vu Gebaier ugesat ginn, fir d’Ziler vu manner Zäregasemissiounen ze erreechen?

D'Limitte vum franséische Solidaritéitspakt géint d'Aarmut

Dee franséische Pacte de solidarité soll hëllefen, d‘Aarmut ze bekämpfen: Wat ass genee do drann, a fir wéi effikass gëtt e gehalen?

EU-Sproochen: Et bleift bei 24 - fir elo

Spuenien ass net duerchkomm, mat der Ufro, galizesch, baskesch a katalanesch op d’Lëscht vun den offiziellen EU-Sproochen ze setzen.