The Cure hir séiss-sauer 80er Hits si bis haut jidderengem am Ouer. D’Band steet fir gotesch-inspiréiert Ufäng, eng Pop-Wendung an den 80er an 90er, an ee Retour bei de Rock, mat Hits iwwer méi wéi 4 Joerzéngten. Am Alter vu 65 Joer wëll de Frontmann Robert Smith et nacheemol wëssen, a bréngt “Songs of a Lost World” eraus mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
The Cure – Songs of a Lost World
Lauschteren
play_arrow
headphones
13 min
Episoden
Jamila Woods - Water Made Us
Op hirem drëtten Album "Water Made Us" iwwerzeegt déi amerikanesch Musekerin Jamila Woods mat Introspektioun, déi groovt.
Braake - Kann ja alles sein
Dës Schoulkolleege vu Berlin kommen op hirem Debut eng däischter Niewestrooss vum däitsche Pop erofgelaf ... a ginn dobäi net op d’Sabbel.
Häerzerwiermend a gespenstesch
“Flying Wig” ass de mëttlerweil eeleften Studioalbum vum Singer-Songwriter Devendra Banhart, an op dësem presentéiert hie sech nees gewinnt verspillt a verdreemt.
Mitski - The Land Is Inhospitble And So Are We (Dead Oceans)
Radikal Léift
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.