Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ The Cure – Songs of a Lost World

The Cure – Songs of a Lost World

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

The Cure hir séiss-sauer 80er Hits si bis haut jidderengem am Ouer. D’Band steet fir gotesch-inspiréiert Ufäng, eng Pop-Wendung an den 80er an 90er, an ee Retour bei de Rock, mat Hits iwwer méi wéi 4 Joerzéngten. Am Alter vu 65 Joer wëll de Frontmann Robert Smith et nacheemol wëssen, a bréngt “Songs of a Lost World” eraus mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.

Episoden

Japanese Breakfast - Jubilee

Deen neien Album vum amerikaneschen Duo feiert d'Liewen an d'Freed.
Nicholas Krgovich - This Spring: Songs by Veda Hille

Nicholas Krgovich - This Spring: Songs by Veda Hille

Eng verspillten a kuriéis Vancouver Ode un eng grouss kreativ Inspiratioun
headphones

6 min

play_arrow

Art d'Ecco - In Standard Definition

Mat Parreck, Makeup an nostagesche Sounds geet de Kanadier Art D'Ecco un d'Aarbecht, eis Iddi vum selbstverwierklechten Individuum äuserneenzeplécken.

Wëllkomm am Intendram

Déi däitsch Formatioun International Music presentéiert op hirem zweeten Album "Ententraum" Ruhrpottromantik an éischter ongewéinlech Dramfantasien.

Field Music - Flat White Moon

Trotz Trauer invitéieren d'Gebridder Brewis op "Flat White Moon" op optimistesch a kniwweleg Pop Musek.

Orions Belte - Villa Amorini

"Musek, déi d'Liewe méi einfach mécht", huet ee YouTube Commentaire ënner den Norweger hirem Videoclip gemengt, an et hätt ee Loscht mat ze ënnerschreiwen.

Dry Cleaning - New Long Leg

En Abléck an déi gro Matière vun enger gelungener a ganz charmanter Post-Punk Band

Lost Girls - Menneskekollektivet

Mat hirem Nieweprojet Lost Girls bléift d'Jenny Hval hirer experimenteller Säit trei. Existenzphilosophie trëfft hei op Raveparty.

Kalbells - Max Heart

Deen zweeten Album vum Quartett vu Brooklyn ass eng Sammlung vun zéng kosmesche Pop-Songs, déi ee mat op onbekannte Plazen huelen.

Kalbells - Max Heart

Deen zweeten Album vum Quartett vu Brooklyn ass eng Sammlung vun zéng kosmesche Pop-Songs, déi ee mat op onbekannte Plazen huelen.

William Doyle - Great Spans of Muddy Time

Vu réien experimentelle Konstrukter iwwer fréijoerlecher Ambient Musek bis zu Synth-Pop à la Soft Cell

Bernice - Eau de Bonjourno

Op hirem neien Album "Eau de Bonjourno" gëtt genuddelt, gelaacht a sech erfrëschend chaotesch manifestéiert.

Bernice - Eau de Bonjourno

Op hirem neien Album "Eau de Bonjourno" gëtt genuddelt, gelaacht a sech erfrëschend chaotesch manifestéiert.

Slowthai - Tyron

Dem Enfant Terrible vum briteschen Hip Hop seng vulgär awer poetesch Manéier fir ze rappe kënnt net just a UK gutt un.

Slowthai - Tyron

Dem Enfant Terrible vum briteschen Hip Hop seng vulgär awer poetesch Manéier fir ze rappe kënnt net just a UK gutt un.

Eng musikalesch Psychoanalys fir eise Géigewaartsmalaise

Den Avantpop-Trio Virginia Wing presentéiert op "private LIFE" d'Resultat vun enger musikalescher Gruppentherapie.

Eng musikalesch Psychoanalys fir eise Géigewaartsmalaise

Den Avantpop-Trio Virginia Wing presentéiert op "private LIFE" d'Resultat vun enger musikalescher Gruppentherapie.

Django Django - Glowing In The Dark

Am Donkele liichten ass Hoffnung a schwieregen Zäiten. Aus Rave a Psychedelic Pop wiewen Django Django eng faszinéierend Tapéit, déi un een eidelen Dancefloor denken deet.

Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung

Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum.