Radioen

On air

Tockcity  |  Cymande - Chasing An Empty Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Mukami an Halloween

De Mukami an Halloween

on the headlines

An elo ass et gläich nees esouwäit Halloween: steet vrun der Dier a wéi all Joer wëllt de Pit mat Kolleege vun Haus zu Haus lafen an eng Onmass Séissegkeete sammele goen. Mee do ass jo awer och nach de Mukami, dem Pit säin duerchdriwwent Hausdéier. De Mukami weess iwwerhaapt net, wat den “Hallo-Dengen” do ass.
Et ass also dem Mukami säin éischten Halloween, an d’Anja Di Bartolomeo erzielt iech elo, wat a wéi de Mukami säin éischten Halloween erlieft.
An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht

Episoden

De Jos an déi krass Dännebamrevanche

De Jos an déi krass Dännebamrevanche

Wann de Bopa Mario a säi beschte Kolleeg Loulou eng Superrevanche-Missioun zesumme mam Roby Robocat aushecken, kann dat jo bal nëmme schifgoen, oder net?
De Mukami sicht d’Chrëschtkëndchen

De Mukami sicht d’Chrëschtkëndchen

De Mukami ass opgereegt. Wien ass eigentlech d’Chrëschtkëndchen a wéi kann hie sech sécher sinn, datt et déi richteg Kaddoe bréngt?
Am Dschungel

Am Dschungel

D’Kanner vum Panda Club aus dem Naturmusée waren nees aktiv a si hunn sech zesummen gesat an dir nees ganz flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen.
Déi éischt Kannerradionuecht um radio 100,7

Déi éischt Kannerradionuecht um radio 100,7

De 24 November hate mer eis éischt Kannerradionuecht op eiser Antenn. An dat war fir eis all en immens schéinen Radiosament, iwwert dee mer och immens frou an dofir wëlle mer iech alleguerten déi bei der Kannerradionuecht derbäi waren e grousse Merci soen
De Jos an déi Saach mam Roby Robocat

De Jos an déi Saach mam Roby Robocat

De Jos kennt dir jo scho méi laang aus der Kannerkëscht. Sief et dem Jos seng Aventurë fir Halloween a fir d’Fuesend, oder deemools, wou de Jos mam Bop Pastakinnek gouf.
“Asteroid Mission” am natur musée

“Asteroid Mission” am natur musée

Eng Ausstellung am natur musée iwwer d'Geschicht vun eisem Sonnesystem
De geckegen Professer

De geckegen Professer

Mir haten an der Kannerradionuecht direkt e puermol Besuch vum Professer Dr. Dr. Frank Jean Eustache Huddlafatz, dee welt-aller-beschte wëssenschaftleche Wëssenschaftler
Den Eppes

Den Eppes

Virun aacht Joer huet de Lëtzebuerger Auteur Jhemp Hoscheit seng Geschicht “Den Eppes” geschriwwen a si koum bei den Editions Binsfeld eraus.
D’Pechschwéngchen op der Plage

D’Pechschwéngchen op der Plage

D’Pechschwéngchen a seng Kolleegen ginn zesummen op d'Plage
D'Pechschwéngchen an de Gebuertsdagskaddo

D'Pechschwéngchen an de Gebuertsdagskaddo

Den Hannes a seng Frënn maache sech op d’Sich no engem wonnerschéine Kaddo
D'Pechschwéngchen a Spaghetti mat Champignone

D'Pechschwéngchen a Spaghetti mat Champignone

D'Pechschwéngchen Hannes a seng Frënn hu richteg groussen Honger op Spaghettie!
D'Pechschwéngchen an de Glécksvull

D'Pechschwéngchen an de Glécksvull

Den Hannes kënnt aus enger Famill vu Glécksschwéngercher, mee hie selwer huet leider ëmmer nëmme Pech.
Wat ass Zäit a firwat gëtt d'Zäit ëmgestallt?

Wat ass Zäit a firwat gëtt d'Zäit ëmgestallt?

Et ass, mengt een eemol, esou eng einfach Fro, déi aweresou schwéier ze beäntweren ass.
Traditiounen vum Gebuertsdag an en Experiment mat Roude Kabes

Traditiounen vum Gebuertsdag an en Experiment mat Roude Kabes

Jiddereen huet Gebuertsdag op engem ganz bestëmmten Dagam Joer, an zwar, wéi de Numm et seet, deen Dag, wou e gebuer ass. An iwwerallop der Welt maache mir fir de Gebuertsdag ze feieren och
E Freideg den 13., Nobelpräisser an eng Waasserrackéit

E Freideg den 13., Nobelpräisser an eng Waasserrackéit

Et ass de leschte Freideg den 13. fir dëst Joer. En Dag virun deem vill Mënschen Angscht hunn, well se mengen et wär en Dag deen Ongléck a Päsch bréngt. Mee ass dat dann och esou?
Déi véier Joerszäiten an de bloen Himmel

Déi véier Joerszäiten an de bloen Himmel

D’Schoul ass nees am gaangen a schonn ass et och nees esouwäit, datt d’Joreszäit wiesselt. Dem Kalenner no ass vum 23 Septemberdëst Joer un Hierscht fir d’Meteorologen awer scho vum éischte
De Schoulufank, Sproochen an eng Geheimschrëft

De Schoulufank, Sproochen an eng Geheimschrëft

Et ass schonn erëm esouwäit: no zwee Méint Summervakanz fänkt d’Schoul nees un a fir vill jonk Mënschen ass dat schonn eng grouss Erausfuerderung. Entweder, wa si iwwerhaapt fir d’éischt an
De Jos reest an d'Mëttelalter - Deel 1

De Jos reest an d'Mëttelalter - Deel 1

A wéi déi meescht vun iech huet och de Jos Vakanz, endlech seet de Jos. De Schoulstress ass eriwwer, an elo heescht et chillen a lauter flott Saache maachen.
De Jos reest an d'Mëttelalter - Deel 2

De Jos reest an d'Mëttelalter - Deel 2

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht vum Jos, weess de Jos elo, wat seng Eltere fir hien a seng Schwëster Nora eraus gesicht hu fir een Deel vun hirer Vakanz ze verbréngen, éier se dann
De Jos reest an d'Mëttelalter - Deel 3

De Jos reest an d'Mëttelalter - Deel 3

An et geet weider an der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "De Jos reest an d'Mëttelalter!" mam Jos, an deen ass awer och guer net zefridden. Éischtens wollt hie jo guer keng esou eng Mëtte