Radioen

On air

Kultur um 5  |  L I N am Gudde Wëllen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

Pianist a Poet

Den Alfred Brendel kritt 90 Joer.

Pierre Boulez

De 5. Januar 2016 stierft de Museker am Alter vun 90 Joer zu Baden-Baden.
Tëschent Wouerecht a Mythos

Tëschent Wouerecht a Mythos

Net alles, wat iwwer den Giovanni Battista Pergolesi gezielt gëtt, ass richteg.

"Uomo di teatro"

Den Giuseppe Verdi, e Mann vum Theater, ass de Komponist vum Mount Januar.

Mirella Freni, Ennio Morricone ...

Perséinlechkeeten aus der internationaler Musekswelt, déi eis 2020 verlooss hunn.

"E Signal vun Hoffnung ginn"

De Riccardo Muti dirigéiert fir déi d'sechste Kéier den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker.

"Eng Pandemie kann d'Musek net ophalen"

De Riccardo Muti dirigéiert den Neijoerschconcert vu Wien fir déi sechste Kéier.
"Eine sinfonische Riesenschlange"

"Eine sinfonische Riesenschlange"

Och wann dem Bruckner seng 7. Sinfonie net all Kritiker iwwerzeege konnt, ass se beim Publikum gutt ukomm.

Léiderschall am Museldall

Een Disk mat Lidder iwwer d'Musel vu gëschter bis haut

Bach an Demokratie

29. Dezember 1876: Gebuertsdag vum Pablo Casals

Pandemonium

Aus enger Online-Concertsserts-Serie vun enger WG vu London ass elo en Album entstanen. Mat dobäi: de Lëtzebuerger Klarinettist Max Mausen.

Engagéiert fir de Bach an d'Fräiheet

Den 29. Dezember 1876 gëtt den Cellist Pablo Casals gebuer.
Erneierer vun der Traditioun

Erneierer vun der Traditioun

Den 28. Dezember 1937 stierft de Maurice Ravel.

Wäiss a Schwaarz 2020

E Réckbléck op d'Pianosemissioun vum radio 100,7. Um Programm stounge Bach a Beethoven, Stécker zu véier Hänn, Nei an Al Musek an och Jazz.

Chantier an der Kathedral

Wärend déi grouss Uergel renovéiert gëtt, gëtt den Duxall op de Retour vum Instrument preparéiert.

Musikalesch Feierdeeg um radio 100,7

Den Iwwerbléck iwwer d'Live-Matschnëtter déi de radio 100,7 ronderëm Chrëschtdag proposéiert.

Chantier an der Kathedral

Wärend déi grouss Uergel renovéiert gëtt, gëtt d'Kathedral op de Retour vum Instrument preparéiert.
E Bünenhit

E Bünenhit

Den 22. Dezember 1837 war d'Première vun der Oper "Zar und Zimmermann".

Wat ass de Remix 22?

E Projet vun der Association des écoles de musique (AEM Lëtzebuerg) am Kader vum Kulturjoer Esch 2022

E faarwege Bouquet vu Chrëschtmelodien

Zouen Diere verhënnere keng Festmusek an der Philharmonie.