Radioen

On air

9 bis 1  |  Edsun - Blue Detainee

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

20 Joer Ensembel Lucilin

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

E musikaleschen Aperitif an eng Frell

Beim éischte vun insgesamt sechs Concerts Apéritif steet dem Franz Schubert säi "Forellenquintett" am Mëttelpunkt.

20 Joer Ensembel Lucilin

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

En neit Departement fir al Musek?

D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.

From Broadway to Paris

Den neien Album "American Soul" vum Duo Rosa

En neit Departement fir al Musek?

D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.

ÜberBach

De Sebastian Knauer an de Pascal Schumacher haut den Owend an der Philharmonie

Vox Clamantis

Den Ensembel a säi Chefdirigent Jaan-Eik Tulve sange bei den Dimanches du Chant Grégorien an der Abtei zu Klierf.

ÜberBach

De Sebastian Knauer an de Pascal Schumacher haut den Owend an der Philharmonie

Mozart an Tango am Barrio 31

E Projet vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre zu Buenos Aires

Eng Museksdegustatioun

D'Anne-Catherine Bucher invitéiert de Publikum ronderëm den Cembalo fir d'Barock-Musek op eng nei Aart a Weis kennenzeléieren.

Mozart an Tango am Barrio 31

E Projet vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre zu Buenos Aires

Saudades

Déi nei CD vum Romain Nosbaum

Fir d'éischt déi Kleng, dann déi Grouss

No engem Loopino-Projet kënnt de Goldmund-Quartett an der Serie Rising Stars an d'Philharmonie.

Saudades

Déi nei CD vum Romain Nosbaum

Eng Laureatin vum Concours Reine Elisabeth

D'Geiistin Stella Chen mécht de Buerglënster Museksfestival op.

Eng zäitlos Oper

D'Laurence Equilbey dirigéiert de "Freischütz" am Groussen Theater.

Eng Laureatin vum Concours Reine Elisabeth

D'Geiistin Stella Chen mécht de Buerglënster Museksfestival op.

"Eine ganz schöne erste Begegnung"

De leschte Concert vum Mosel Musikfestival 2019 steet virun der Dier. Eng Editioun, déi och zu Lëtzebuerg op Besuch war.

Ee vun de beschten Harmonieorchesteren

D'Koninklijke Harmonie Sainte-Cécile Eijsden zu Téiteng