Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Biig Piig - Favourite Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

"Of Mines and Men" a "Pulse"

Zwou nei CD-Produktioune vun der Militärmusek

Wa klassesch Sänger Chrëschtlidder verswingen

Sing4you sinn: Mariette Lentz, Joëlle Wiseler, Jeff Mack a Benedikt Wesner, Gesank; Philippe Beaujot (Piano).

Eng Première

En nächste Sonndeg presentéiert sech den neine OPL-Sträichtrio.

Fidelio am Stater Theater

Zesumme mam OPL si ganz beandrockend Gäscht fir déi zwou Opféierungen de 5. an 7. Dezember 2018 ze gesinn.

"Sie wollte mit ihrem Mann zusammen eine Künstlereinheit sein"

De Robert-Schumann-Präis 2019 geet zu enger Hallschent un d'Musekswëssenschaftlerin Janina Klassen fir hir Fuerschung iwwer d'Clara Schumann.

Shéhérazade fir Trio

"1001 nuits - Shéhérazade au pays des merveilles", den 3. Dezember 2018 am Kammermusekssall vun der Philharmonie
Mann vum musikalesche Fortschrëtt

Mann vum musikalesche Fortschrëtt

Virun 375 Joer stierft de Claudio Monteverdi.
Au Seuil de l'Avent

Au Seuil de l'Avent

En Abléck an eng Prouf, virum grousse Concert an der Kathedral

"www.yeswecancan.koeln"

2019 gëtt zu Köln dem Jacques Offenbach säin 200. Gebuertsdag gefeiert.

Canto Ostinato

E Kultstéck vun der Minimal Music am Mierscher Kulturhaus (2.12.2018)
Die Csárdásfürstin

Die Csárdásfürstin

D'Operett vum Emmerich Kalman huet den 1. Dezember 2018 Première am Saarbrécker Staatstheater.
Nei Weeër

Nei Weeër

De Klarinettist Olivier Dartevelle huet e Wierk fir d'Flüttistin Hélène Boulègue geschriwwen.

"Musikalesch Éierlechkeet ass wichteg fir mech"

Am Gespréich mat der Komponistin Francesca Verunelli

Vum Sträichquartett iwwer Lautsprecher zum vollen Orchester

Och den zweete Festival-Weekend vun de rainy days 2018 hat nees vill Ofwiesslung ze bidden
Véier Anniversairë mam Trio Dora

Véier Anniversairë mam Trio Dora

SOS Faim feiert seng 25 Joer mat engem Concert vum Trio Dora. Um Programm: Lauter Komponisten, déi 2018/19 e gréisseren Anniversaire feieren.

Luxembourg Composition Academy

Zesumme mat zwee renomméierte Komponisten an dem Ensembel United Instruments of Lucilin schaffen aacht Kandidaten un hiren neiste Stécker.

Bilan an Ausbléck

Virum Schlussweekend vum Festival Rainy Days

Cordes pincées, cordes frottées

D'Säiteninstrumenter mat all hire Facetten
No de Symphonien déi konzertant Musek

No de Symphonien déi konzertant Musek

D'Solistes Européens, Luxembourg fueren mat hirem Farrenc-Zyklus virun.
Gloria

Gloria

D'Cojellico's Jangen hunn eng CD mat lëtzebuergesche Chrëschtlidder am Stil vun de Comedian Harmonists erausbruecht.