Radioen

On air

De Weekend  |  Jordan Rakei - Send My Love

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Math Rock mat Chouer fir 41 Joer Kufa

Math Rock mat Chouer fir 41 Joer Kufa

on the headlines

De Freideg den Owend ass de groussen Aweiungsowend vun engem Programm, wéi déi Escher Kulturfabrik en nach net gesinn huet: ee Mount laang feiert dee fréiere Squat 40+1, also 41 Joer. De Programm vum Owend selwer fänkt u mat der Ouverture vun engem spezielle Parcours mat Konschtinstallatiounen, enger Virstellung vun der Biergerbün, deenen übleche Rieden an engem Buffet. Um véierel fir 10 owes spillt dann eng Band ee Concert, déi op der Kulturfabrik hirer Mëscht gewuess ass. Mutiny on the Bounty hu vun 2004 un an der Kulturfabrik geprouft, an der Originalbesetzung eng Mëschung aus Europaschoul-Absolventen a Minettsdäpp. Vum Kufa-Proufsall goung et 3 Joer méi spéit eraus an d’Welt, op Bünen a Kanada, de Vereenegte Staate a Japan, an ee Plackevertrag beim Label New Romance for Kids huet hir Musek iwwerall hin transportéiert ...

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Vun der Hochzäitsgesellschaft op déi grouss Bünen

"Agadez" heescht de rezenten Album vun der Tuareg-Formatioun Etran de L'Aïr, déi den Owend op der Affiche vun de Congés annulés steet.

Nei am Kino

Wat leeft vu muer un nei am Kino? Den Iwwerbléck vum Programm

Erënnerunge vum an un den Alan Rickman

2016 ass den Alan Rickman, bekannt aus "Harry Potter", verstuerwen. Seng verëffentlecht Tagebicher erënneren un de britteschen Acteur.

"Je ne suis pas un roman"

Déi iranesch Schrëftstellerin lieft a schreift an engagéiert sech am Exil.

Erënnerungen vum an un den Alan Rickman

2016 ass den Alan Rickman, bekannt aus "Harry Potter", verstuerwen. Seng verëffentlecht Tagebicher erënneren un de britteschen Acteur.

"Je ne suis pas un roman"

Déi iranesch Schrëftstellerin lieft a schreift an engagéiert sech am Exil.

D'Stäerkt vum Theater

D'Nominatioune fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser sinn eraus. Mat dobäi ass der Gintare Parulyte hiert Theaterstéck "Lovefool".
Geschichte fir am Exil d'Bezéiungen ze fleegen

Geschichte fir am Exil d'Bezéiungen ze fleegen

An hirem ganz liewege Roman "Madre piccola" beschreift d'Italo-Somalierin Ubah Cristina Ali Farah d'Schicksal vu somalesche Refugiéen an Europa.

Frësch Téin an ale Maueren

D'Pëttener Schlass bitt dëse Weekend den ideale Kader fir de Musek- a Konschtfestival Pëttener Summer Nights.
Geschichte fir am Exil d'Bezéiungen ze fleegen

Geschichte fir am Exil d'Bezéiungen ze fleegen

An hirem ganz liewege Roman "Madre piccola" beschreift d'Italo-Somalierin Ubah Cristina Ali Farah d'Schicksal vu somalesche Refugiéen an Europa.

Elektronesch Signaler an de Rotonden

D'Affiche vun de Congés annulés ass haut um Freideg (4.8.) eemol ganz elektronesch: mam belsche Museker Niels Orens, Sapphire Slows vun Tokyo an der Lëtzebuerger DJ Gurl

Am Glanz oder an der Luucht vum Impressionismus?

Eng Expo iwwert den Diddelénger Moler Dominique Lang an der Stad? D'Villa Vauban traut sech a weist seng Konscht an engem gréissere Kontext.

Elektronesch Signaler an de Rotonden

D'Affiche vun de Congés annulés ass muer um Freideg (4.8.) eemol ganz elektronesch. Mam belsche Museker Niels Orens; Sapphire Slows vun Tokyo an der Lëtzebuerger DJ Gurl

Am Glanz oder an der Luucht vum Impressionismus?

Eng Expo iwwer den Diddelenger Moler Dominique Lang an der Stad? D'Villa Vauban traut sech a weist seng Konscht an engem gréissere Kontext.

Eng Rees an d'Stardew Valley

Ganz eleng huet den amerikanesche Kënschtler a Spillentwéckler Eric Barone de Videospill-Hit "Stardew Valley" programméiert.

till tills

Am Kader vum European Month of Photography weist de Raphaël Lecoquierre marbréierte Stuck; mee d'Basismaterial sinn tatsächlech Fotoen.

En Dëppchen Dinosaurier-Ee-Mayonnaise fir ze entspanen

Ganz eleng huet den amerikanesche Kënschtler a Spillentwéckler Eric Barone de Videospill-Hit "Stardew Valley" programméiert.

till tills

Am Kader vum European Month of Photography weist de Raphaël Lecoquierre marbréierte Stuck; mee d'Basismaterial sinn tatsächlech Fotoen.

Sireenegesang aus dem Autoradio

Déi sëlleg Roadmovies, déi bis Mëtt September an der Cinemathéik um Programm stinn, wëssen och duerch hir Soundtracks ze begeeschteren.

Nei am Kino

De Programm vun der neier Kinoswoch