Panorama
Moiespanorama
1. An engem Communiqué deelt d’Fondation Caritas de Moie mat, datt verschidde vun hire Projete mussen opgi ginn, virum Hannergrond vun der Verontreiung vun 61 Milliounen €. Et misst een z. B. mat den internationalen Aktivitéiten ophalen: Am Ganze wären 100 Aarbechtsplazen dovu betraff, 30 heiheem a 70 am Ausland, wou d’Büroen am Südsudan an am Laos Enn Oktober géifen zougoen. Iwwer 60 Projete géifen esou auslafen. D’Fondatioun bedauert, datt keen Acteur intervenéiert wier, fir datt d’Aktivitéiten zu Gonschte vun de Beneficiairen hätte kënne weidergeféiert ginn
2. Méi Bio- a méi regional Produkter an de Schoulkantinnen, vun der Rentrée un: Déi Annonce huet de Minister Claude Meisch eis géintiwwer gemaach. Fir all d’Kantinne gëllt déi Politik, d. h. och fir d’Uni
3. De méiglechen Asaz, duerch d’Ukrain, vu Laangstreckerakéiten a Russland, léisst den Toun tëschent der NATO a Moskau an d’Luucht goen. Den US-President Joe Biden ass op deem Punkt virsiichteg, wat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Angscht ausleet
4. Perfekten Optakt fir d’Daviscup-Ekipp vun den Hären am Tennis: Fir de Kont vum Weltgrupp II leie si nom 1. Dag an Neiséiland 2:0 vir
5. D’Liichtathleetin Patrizia van der Weken leeft bei der Finall vun der Diamond League zu Bréissel iwwer d’100-Meter op eng gutt 5. Plaz
Presentéiert vum
- Eric Ewald