Radioen

On air

Notturno  |  Zapp - Computer Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Moiespanorama

Moiespanorama

1. An engem Communiqué deelt d’Fondation Caritas de Moie mat, datt verschidde vun hire Projete mussen opgi ginn, virum Hannergrond vun der Verontreiung vun 61 Milliounen €. Et misst een z. B. mat den internationalen Aktivitéiten ophalen: Am Ganze wären 100 Aarbechtsplazen dovu betraff, 30 heiheem a 70 am Ausland, wou d’Büroen am Südsudan an am Laos Enn Oktober géifen zougoen. Iwwer 60 Projete géifen esou auslafen. D’Fondatioun bedauert, datt keen Acteur intervenéiert wier, fir datt d’Aktivitéiten zu Gonschte vun de Beneficiairen hätte kënne weidergeféiert ginn
2. Méi Bio- a méi regional Produkter an de Schoulkantinnen, vun der Rentrée un: Déi Annonce huet de Minister Claude Meisch eis géintiwwer gemaach. Fir all d’Kantinne gëllt déi Politik, d. h. och fir d’Uni
3. De méiglechen Asaz, duerch d’Ukrain, vu Laangstreckerakéiten a Russland, léisst den Toun tëschent der NATO a Moskau an d’Luucht goen. Den US-President Joe Biden ass op deem Punkt virsiichteg, wat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Angscht ausleet
4. Perfekten Optakt fir d’Daviscup-Ekipp vun den Hären am Tennis: Fir de Kont vum Weltgrupp II leie si nom 1. Dag an Neiséiland 2:0 vir
5. D’Liichtathleetin Patrizia van der Weken leeft bei der Finall vun der Diamond League zu Bréissel iwwer d’100-Meter op eng gutt 5. Plaz

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Moiespanorama

Noen Osten: Hamas acceptéiert Wafferou / Israel: Offensiv op Rafah geet virun / Richtung22: Miss Bâtiment4 verloossen / Eurovision: Tali an éischter Halleffinall den Owend

Moiespanorama

Noen Osten: Hamas acceptéiert Wafferou / Israel: Offensiv op Rafah geet virun / Richtung22: Miss Bâtiment4 verloossen / Eurovision: Tali an éischter Halleffinall den Owend

Owespanorama

Europawalen : smartwielen.lu vun e Mëttwoch un disponibel / Educateursformatioun an Zukunft och op Franséisch / Dausende Leit verloossen den Oste vu Rafah a Richtung Norden

Mëttespanorama

Israel huet Evakuatioun vu Rafah ugefaangen / Chineesesche President Xi op offizieller Visitt zu Paräis / Lux-Cargo-Handling: 1.200 Luxair-Mataarbechter si bei nei Firma gewiesselt

Moiespanorama

Gazasträif: Evakuatioun vu Rafah huet ugefaange virun erwaarter Offensiv / Europawalen: Walkampf huet offiziell ugefaangen / Xi Jinping: Chineesesche President op Staatsvisitt a Frankräich

Moiespanorama

Europawalen: Walkampf huet offiziell ugefaangen / Israel: Grenziwwergang bei Gazasträif gouf zougemaach / Basket: Steesel ass Champion bei den Hären

Mëttespanorama

E. Macron verurdeelt di franzéisch Studenteprotester / S. Kahn bleift Londonder Buergermeeschter / Doud vum amerikanesche Këntschler F. Stella

Moiespanorama

2 Blesséierter bei engem Brand bei Kronospan / Suite vun den indirekte Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas / Dout vum amerikanesche Kënschtler Frank Stella mat 87 Joer

Owespanorama

Asbl „Fir en nohaltege Bësch“ rifft dozou op méi Wëld z'iessen / Hamas ass zu Kairo fir weider Verhandlungen / Op d'mannst 56 Doudeger no Iwwerschwemmungen a Brasilien

Mëttespanorama

A. Blinken warnt Israel virun enger Offensiv op Rafah / Et soll méi Wëld giess ginn! / Escher Ekipp ass Vizeweltmeeschter am Cheerleading

Moiespanorama

Solidaritéitspiquet bei der Luxair / Alia ënnersicht Plaintë vu Richtung 22 géint RTL an d'CLT/Ufa / A. Blinken warnt openeits virun Offensiv op Rafah

Mëttespanorama

Uber kënnt op Lëtzebuerg / LSAP setzt sech fir Plattformaarbechter an / Meteolux-Bilan: Manner Sonn ewéi soss am Abrëll

Moiespanorama

Internationalen Dag vun der Pressefräiheet: 11t Plaz fir Lëtzebuerg / Motioun fuerdert Opaarbechtung vun der Corona-Pandemie / D'Tierkei stoppt Importer an Exporter mat Israel

Moiespanorama

Internationalen Dag vun der Pressefräiheet: 11t Plaz fir Lëtzebuerg / Motioun fuerdert Opaarbechtung vun der Corona-Pandemie / D'Tierkei stoppt Importer an Exporter mat Israel

Owespanorama

Entwarnung zu Leideleng: keen Asbest an de Schoulen oder am Veräinsgebai / Chamber: Inneminister kënnegt Ofännerung vu Gemengefinanzen un / Flüchtlingsdeal: Libanon soll eng Milliard Euro kréien

Mëttespanorama

Mietpräisdeckel nach net vum Dësch / Iwwer 100 Dokteren notzen Tiers payant / USA reprochéiere Russland Asaz vu Chemiewaffen an der Ukrain

Moiespanorama

Leideleng: keng Asbestfaseren an de Schoulgebaier / CNS Agencen: vun haut u brauch een e Rendez-Vous / D'Hamas acceptéiert di aktuell Offer vun Israel net