Radioen

On air

Notturno  |  Zapp - Computer Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Moiespanorama

Moiespanorama

1. An engem Communiqué deelt d’Fondation Caritas de Moie mat, datt verschidde vun hire Projete mussen opgi ginn, virum Hannergrond vun der Verontreiung vun 61 Milliounen €. Et misst een z. B. mat den internationalen Aktivitéiten ophalen: Am Ganze wären 100 Aarbechtsplazen dovu betraff, 30 heiheem a 70 am Ausland, wou d’Büroen am Südsudan an am Laos Enn Oktober géifen zougoen. Iwwer 60 Projete géifen esou auslafen. D’Fondatioun bedauert, datt keen Acteur intervenéiert wier, fir datt d’Aktivitéiten zu Gonschte vun de Beneficiairen hätte kënne weidergeféiert ginn
2. Méi Bio- a méi regional Produkter an de Schoulkantinnen, vun der Rentrée un: Déi Annonce huet de Minister Claude Meisch eis géintiwwer gemaach. Fir all d’Kantinne gëllt déi Politik, d. h. och fir d’Uni
3. De méiglechen Asaz, duerch d’Ukrain, vu Laangstreckerakéiten a Russland, léisst den Toun tëschent der NATO a Moskau an d’Luucht goen. Den US-President Joe Biden ass op deem Punkt virsiichteg, wat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Angscht ausleet
4. Perfekten Optakt fir d’Daviscup-Ekipp vun den Hären am Tennis: Fir de Kont vum Weltgrupp II leie si nom 1. Dag an Neiséiland 2:0 vir
5. D’Liichtathleetin Patrizia van der Weken leeft bei der Finall vun der Diamond League zu Bréissel iwwer d’100-Meter op eng gutt 5. Plaz

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Moiespanorama

Inondations.lu: Haut nees Risiko vun Héichwaasser / Poopst François: Kënnt de 26. September op Lëtzebuerg / Frankräich ënnerstëtzt Internationale Strofgeriichtshaff

Moiespanorama

Inondations.lu: Haut nees Risiko vun Héichwaasser / Poopst François: Kënnt de 26. September op Lëtzebuerg / Frankräich ënnerstëtzt Internationale Strofgeriichtshaff

Mëttespanorama

Doud vun iraneschem President an Ausseminister / Nei EU-Direktiv fir Offallexporter / Weider Onrouen an Neikaledonien

Mëttespanorama

Entspanung vun Héichwaasserlag / Kritesch Stëmme géint israeelesche Premier / Slowakesche Premier ausser Liewensgefor

Moiespanorama

Héichwaasserwarnungen opgehuewen / Attack op Flüchtlingscamp a Gazasträif / Diskussiounen iwwer Stierfhëllef a Frankräich

Owespanorama

Héichwaasser: Cellule d'évaluation 6. Kéier zesummekomm / Bundeskanzler Olaf Scholz reest wéinst Iwwerschwemmungen an d'Saarland / Frankräich: Assemblée Nationale huet Aféieren vu Stierfhëllef gestëmmt

Mëttespanorama

Entspanung vun der Héichwaasserlag am Grand-Duché / Lag weiderhin schwiereg am Weste vun Däitschland / Bundeskanzler am Saarland

Moiespanorama

Peegele gi lues a lues zeréck / Neien Institut wëllt Abléck a Situatioun vun LGBTIQ+Communautéit ginn / Russesch Offensiv ronderëm Charkiw

Moiespanorama

Weider grouss Héichwaassergefor am Süden / Neien Institut wëllt Abléck a Situatioun vun LGBTIQ+Communautéit ginn / Russesch Offensiv ronderëm Charkiw

Owespanorama

Wéinst dem ville Reen: Rout Wiederwarnung fir de Süde vum Land / déi Lénk an ULC: Kritik un der Energiepolitik / Richtung22 ka bis um Enn vum Joer am Batiment 4 bleiwen

Mëttespanorama

Meteo: Alerte orange an Héichwaasserrisiko / Nei Hoffnung fir Richtung22 / UNO erneiert Hëllefsappell fir Sudan

Moiespanorama

Alerte orange: an den nächste 24 Stonnen reent et vill am Süden / Éischt Tester fir d'Tramstréck Richtung Stade de Luxembourg / Motion géint Cattenom an der Chamber gestëmmt

Moiespanorama

Alerte orange: an den nächste 24 Stonnen reent et vill am Süden / Éischt Tester fir d'Tramstréck Richtung Stade de Luxembourg / Motion géint Cattenom an der Chamber gestëmmt

Owespanorama

Gréisser Streidereie bei de Verhandlunge fir e Bankekollektivvertrag / Fräisproch fir de Me André Lutgen zu Stroossbuerg / Sommet vun der Arabescher Liga fuerdert UNO-Zaldoten an de Palästinensergebidder

Mëttespanorama

Schwéier Reprochë géint d'ABBL aus Gewerkschaftsmilieu / Zoustand vum slowakesche Premier weider kritesch / Enquête géint AfD-Deputéierten an Däitschland

Moiespanorama

Renovatioun vun der Staumauer vun Esch-Sauer / Erneierung vum Militärdepôt um Waldhaff / Robert Fico operéiert, méi Detailer feelen

Moiespanorama

Renovatioun vun der Staumauer vun Esch-Sauer / Erneierung vum Militärdepôt um Waldhaff / Robert Ficco operéiert, méi Detailer feelen

Owespanorama

Mëttespanorama

Spuere vum verschwonnenen ex-Srel-Agent Frank Schneider op Bali / 2023: Encevo mellt Nettobenefice vun 171 Milliounen Euro / Däitlech Wieder vu Bréissel: Israel muss Militärasaz zu Rafah direkt stoppen

Moiespanorama

Logementshëllefen: Pak an der Chamber ugeholl / Palestina: Lëtzebuergescht Parlament géint Unerkennung / Iwwerfall op Fourgon a Frankräich: Sich no Täter am gaangen