Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 3

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 3

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An et geet et weider mam Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" mam Jos, deen, an dat wësse mir ewell, net nëmmen Ouschteren allgemeng blöd fënnt, mee och den Ouschterhues geet him op d'Schlappen. Besonnesch, well hien doheem vum "Ouschterhuesi" nëmme pedagogesch wäertvoll Kaddoe kritt.

Am beschten ass, mengt de Jos, Ouschteren ofzeschafen, awer d'Vakanz soll bleiwen, an déi kann een dann einfach "Abrëlls-Vakanz" nennen. An den Ouschterhues soll sech ëmschoule loossen, seet de Jos. Hie kéint jo zum Beispill "Maskottchen" vum Europapark ginn.

A scho si mir nees do ukomm, an dir kënnt iech virstellen, de Jos huet d'Flemm! A wéi grouss seng Flemm ass, héiert dir elo am drëtten Deel vun eiser Ouschter-Geschicht.

Kanner
7-9 Joer
Kannerkëscht

Episoden