Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3

headphones

18 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Jos huet acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn, an d'Nora huet him nach gesot, wéi hie sech beim Anne Sophie behuele muss.

De Jos huet sech beim Pit e Kostüm geléint mat enger Krawatt an en huet dem Pit verzielt, e bräicht de Kostüm well seng Famill, d'Martinoen aus Italien, op Besuch kommen, an dat wiere richteg Mafiosaen, sou wéi am Film.

Wann een do kee Kostüm unhuet, da géif ee Problemer kréien.

D'Nora huet mam Jos de Bus geholl fir op de Rendezvous mam Anne Sophie ze fueren. Ënnerwee denkt de Jos nach, firwat en dat mécht, en huet schonn d'Flemm, mee dann denkt en awer un Videospill.

Da klamme si op der Bushaltestell eraus, an op eemol weist d'Nora an d'Richtung vum Zeitungsbuttek a seet zum Jos: Hei, do ass et....

Kanner
10-12 Joer

Episoden