Radioen

On air

Concert  |  Komponistinnen am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Normalerweis ass d'Nora, dem Jos seng Schwëster, ëmmer granzeg a guer net léif mam Jos. Mee elo op eemol esou viru Chrëschtdag ass dat awer anescht. D'Nora ass esou léif mam Jos, an et huet him souguer eng Taass waarme Schocki gemaach.

De Jos fënnt dat awer komesch, an en ass och iwwerzeegt, datt d'Nora eppes vun him wëllt. Dat stëmmt och, d'Nora huet nämlech fir Chrëschtdag gewichtelt, an et huet d'Anne Sophie gezunn.

A säi Wiichtelcadeau fir d'Anne Sophie ass, datt de Jos mam Anne Sophie zesummen en Brudder-Schwësterdag verbréngt, well d'Anne Sophie esou gären e Brudder hätt, awer kee huet.

De Jos ass ausser sech, an en dirängelt d'Nora direkt dem Anne Sophie unzeruffen an ofzesoen. Mee d'Nora rëselt de Kapp, well et kann net ofsoen. D'Nora ass a Panik.

Kanner
10-12 Joer
Kannerkëscht

Episoden