Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - White Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Mukami geet Zelten - Deel 2

De Mukami geet Zelten - Deel 2

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "De Mukami geet zelten" sinn d'Scouten, a mat hinnen och de Pit, am Zeltlager ukomm an et war um éischten Dag schonn esou vill Opreegung an Action, datt Scoute midd sinn, datt si nach just an hir Zelter krauchen, sech an hir Schlofsäck kuschelen, an engem nom aneren an och dem Pit falen d'Aen zou.

Just een ass hellwakereg: de Mukami. De Mukami sëtzt sech du virun d'Zelt a wëll d'Natur kucken an der Hoffnung, dann och anzeschlofen. Mee esou eng Nuecht dobaussen an der Natur ass anescht wéi doheem an der Kummer.

Episoden

E Projet mat Zigarettestëmp, d'Ausstierwe vu Sproochen an en Wollek an der Fläsch

E Projet mat Zigarettestëmp, d'Ausstierwe vu Sproochen an en Wollek an der Fläsch

D'Schoulklass vu Joy Faber a Amira Sayed presentéieren eis en Ëmweltprojet ronderëm d'Zigarettestëmp deen an der Gemeng Mamer lancéiert gouf.
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 7

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 7

An der Anja Di Bartolomeo hirer Ouschtergeschicht si mir elo op der leschter Ligne droite.
headphones

12 min

play_arrow
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 6

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 6

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" huet de Jos elo awer eng Méiglechkeet fonnt fir an der Europapark ze kommen, si mussen nämlech der Comtesse hir "grouss Chasse aux oeufs um Schlass" gewannen.
headphones

10 min

play_arrow
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 5

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 5

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" huet de Jos jo elo awer eng Méiglechkeet fonnt fir eventuell an den Europa-Park kënnen ze goen.
headphones

8 min

play_arrow
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 4

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 4

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd" gouf et déi grouss Iwwerraschung: Et gëtt awer eng Méiglechkeet fir de Jos an den Europapark ze fueren an esou guer véier Ticketen ze gewannen.
headphones

12 min

play_arrow
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 3

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 3

An et geet et weider am Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "Ouschteren ass blöd!" mam Jos, deen, an dat wësse mir ewell, net nëmmen Ouschteren allgemeng blöd fënnt, mee och den Ouschterhues geet him op d'Schlappen.
headphones

8 min

play_arrow
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 2

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 2

An der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht vum Jos, deen u seng Ouschtervakanz zeréck denkt, well hien Ouschteren net leide kann, wësse mir, datt de Jos esou gäre géif an den Europa-Park goen, fir sech do e ganzen Dag op den Achterbunnen ze ameséieren.
headphones

8 min

play_arrow
De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 1

De Jos fënnt Ouschtere blöd - Deel 1

Dir sidd jo den Ament an der Päischtvakanz a mir proposéieren iech eng Geschicht, wou de Jos eemol zeréck un déi Vakanz virdrun denkt, nämlech d'Ouschtervakanz.
headphones

14 min

play_arrow
De Mukami geet an d'Schoul: Deel 2

De Mukami geet an d'Schoul: Deel 2

De Pit ass der Meenung, datt de Mukami doheem ass.
headphones

8 min

play_arrow
De Mukami geet an d'Schoul: Deel 1

De Mukami geet an d'Schoul: Deel 1

Op de leschten Deeg vun ärer Vakanz proposéiere mer iech an der Kannerkëscht vum radio 100,7 nees eng Geschicht vum Anja Di Bartolomeo
headphones

9 min

play_arrow
De Jos a säi krasse Fuesbal - Deel 3

De Jos a säi krasse Fuesbal - Deel 3

Salut alleguerten! De Jos ass also mat der ganzer Famill, dem Nora, dem Bop an der Nonna op de "Planz de Bal" vum Déieren a Planzefrënn Club gaangen. n elo waarden de se drop datt d'Nonna hire Präis fir de schéinste Virgaart iwwerreecht kritt.
headphones

15 min

play_arrow
De Jos a säi krasse Fuesbal - Deel 2

De Jos a säi krasse Fuesbal - Deel 2

Salut alleguerten! Elo komme mer da bei den zweeten Deel vum Jos senger Geschicht ronderëm d'Fuesent.
headphones

13 min

play_arrow
Dem Jos säi krasse Fuesbal - Deel 1

Dem Jos säi krasse Fuesbal - Deel 1

De Jos ass erëm do. Eise jonke Lausbouf, deen nawell gären déi eng oder aner Spiicht dréit, och wann dat ni béiss gemengt ass. An de Jos ass nu wierklech e Kärelchen deen Häerz op der richteger Plaz huet.
headphones

15 min

play_arrow
Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 2

Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 2

Léif Kanner! Hei dann den zweeten Deel vum Anja Di Bartolomeo senger Geschicht "De Mukami an de Pit".
headphones

8 min

play_arrow
Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 1

Chrëschtgeschicht: De Mukami an de Pit - Deel 1

Léif Kanner! D'Anja Di Bartolomeo huet iech nees eng Geschicht matbruecht. An d'Anja huet senger Geschicht den Titel "De Mukami an de Pit" ginn.
headphones

8 min

play_arrow
De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 3

Am drëtten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalbdram" huet Jos acceptéiert, dem Nora säi Wichtelkaddo ze sinn. Zesummen treffe si sech mam Anne Sophie.
headphones

18 min

play_arrow
De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 2

Mir proposéieren iech den zweeten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Chrëschtdagsgeschicht "De Jos a säi Wichtelalbdram".
headphones

10 min

play_arrow
De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 1

De Jos a säi Wichtelalbdram - Deel 1

D'Anja Di Bartolomeo huet iech fir an d'Kannerkëscht och dëst Joer erëm eng Chrëschtdagsgeschicht afale gelooss an mir hu se och zesummen opgeholl, datt der se och elo an der Vakanz lauschtere kënnt.
headphones

12 min

play_arrow
De Jos an d'Halloween - Deel 4 a 5

De Jos an d'Halloween - Deel 4 a 5

Doheem huet de Jos sech du geduecht, datt e bei de Bopa geet a mat deem Halloween feiert, mee dat war och keng gutt Iddi.
headphones

39 min

play_arrow
De Jos an d'Halloween - Deel 2 an 3

De Jos an d'Halloween - Deel 2 an 3

Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleegen Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.
headphones

36 min

play_arrow