arrow_back_ios

Wuert vun der Woch

Mënz

Lauschteren play_arrow
headphones

9 min

Haut geet et ëm d’Mënz. De Jean schwätzt vu Geld, vu Suen. Dat fanne mir déisäits der Musel ënner der Form vu “Münze“. Wann een dat ënner d’Lupp hëlt, gesäit een net esou richteg, wou et hierkënnt. Méi kloer gëtt et, wann ee weess, datt wéi et zu éischt optaucht, am alen Héichdäitsch, et dat ënner der Form vu “muniza“ gemaach huet, dat war am Joer 790.

An da brauch een net vill Imaginatioun fir ze gesinn, datt hanner “muniza“ sech d’Latäiwuert “moneta“ verstoppt, an do gëtt et spannend, well d’Moneta eigentlech bei de Réimer ee vun de Nimm vun der Gëttin Juno war, d‘Juno Moneta.

Firwat? Mee am Wuert “moneta“ fënnt een d’Verb “monere“, dat “ermanen“ heescht, oder “warnen“ a souguer “beroden“. D’Juno Moneta war also déi “ermanend Juno“.

Episoden

Tubak

De Jean Portante huet eis nach eng Kéier e Wuert aus Mexiko matbruecht.

Jaguar

De Jean Portante mat senger etymologescher Rees
headphones

7 min

play_arrow

Nahuatl-Wierder

Dës Kéier schwätzt de Jean Portante iwwer Wierder an eiser Sprooch, déi aus dem Nahuatl kommen, der Sprooch vun den Azteken.
headphones

8 min

play_arrow

Séil

De Jean Portante hëlt eis nees mat op eng etymologesch Rees.
headphones

8 min

play_arrow

Halloween

Dës Kéier gëtt et méi grujeleg op dem Jean Portante senger etymologescher Rees.
headphones

9 min

play_arrow

Fënster

De Jean Portante hëlt eis mat op déi etymologesch Rees vun dem Wuert.
headphones

7 min

play_arrow
Wuert vun der Woch: Béier | © Bigstock

Wuert vun der Woch: Béier

De Jean Portante hëlt eis mat op eng etymologesch Rees.
headphones

7 min

play_arrow

Groussherzog

De Jean Portante hëlt eis nees mat op eng etymologesch Rees.
headphones

8 min

play_arrow

Mayonnaise

De Schrëftsteller Jean Portante hëlt eis nees mat op seng etymologesch Rees.
headphones

7 min

play_arrow

Botterschmier

De Schrëftsteller Jean Portante hëlt eis mat op seng etymologesch Rees, dës Kéier esouguer eng duebel.
headphones

8 min

play_arrow

Komma

De Schrëftsteller Jean Portante hëlt eis mat op seng etymologesch Rees mat engem Wuert, dat am Numm vun eisem Radio, tëschent den Zuelen 100 a 7, steet, nämlech "Komma".
headphones

6 min

play_arrow

Post

Dem Schrëftsteller Jean Portante seng wéchentlech etymologesch Rees
headphones

11 min

play_arrow

Matrass

Wéi all Mëttwoch hëlt eis de Schrëftsteller Jean Portante mat op seng etymologesch Rees.
headphones

10 min

play_arrow

Arabesch Wierder 3

De Jean Portante hëllt eis mat op d'Rees vun deenen arabesche Wierder an eisem Sproochgebrauch.
headphones

11 min

play_arrow

headphones

10 min

play_arrow

1.001 Wuert vum Jean Portante

Wierder op ganz grousser Rees
headphones

12 min

play_arrow
Dron a Minn | © Jean-Claude Majerus

Dron a Minn

De Schrëftsteller, Iwwersetzer an Dichter Jean Portante hëlt eis mat op d'Rees vun zwee Wierder, déi mam Krich zesummenhänken.
headphones

11 min

play_arrow

Wuert vun der Woch

Ozean, Mier a Waasser
headphones

11 min

play_arrow

Skandal

De Schrëftsteller Jean Portante hëlt eis mat op seng etymologesch Rees.
headphones

15 min

play_arrow

banal

De Schrëftsteller Jean Portante hëlt eis mat op seng etymologesch Rees.
headphones

12 min

play_arrow